Moralesch wier et richteg, der Ukrain mam russesche Staatsverméigen ze hëllefen. Meet et géife sech nach ëmmer "komplex Froe" stellen, esou de Premier Luc Frieden no stonnelaangen Diskussiounen. D'EU- Staats- a Regierungscheffe wëllen, datt d'EU-Kommissioun fir d'éischt detailléiert Virschléi ausschafft. Déi sollen um EU-Sommet am Dezember diskutéiert ginn.
Just 10.000 Euro zu Lëtzebuerg
140 Milliarde sinn nom Ukrainkrich eleng an der Belsch agefruer ginn. Ënner anerem d'Belsch ass dofir och skeptesch well se vun "héije Risike" schwätzt. Dem Luc Frieden no muss d'EU kucken déi Risike gemeinsam ze droen. De Premier huet op eis Nofro hinn d'100,7-Informatioun confirméiert, datt zu Lëtzebuerg just 10.000 Euro u russeschem Staatsverméigen agefruer goufen.
Et ginn EU-Länner, déi fäerte Repercussioune vu Moskau, et gi Länner déi fäerten datt d'Ukrain d'Suen net wäert kënnen zeréckbezuelen, an et ginn der, déi fäerten datt d'Ratingsagencen d'Länner erofstufen.
Ukrainesche President hofft weider
De Wolodymyr Selenskyj huet sech um Donneschdegmoien an der belscher Haaptstad och mat den EU-Leadere getraff, an dono gehofft, d'EU géif decidéieren, déi russesch Gelder ze benotzen. Obwuel dat wéi gesot nach net geschitt ass, huet den ukrainesche President nom Sommet vu "gudde Resultater" geschwat.
Klima: Jo, mee...
Um EU-Sommet hunn eng ganz Partie Länner och méi Pragmatismus an der Klimapolitik gefuerdert. Deemno ass onkloer, ob d'EU-Ëmweltminister an annerhallwer Woch déi néideg Majoritéit fanne fir sech an der Klimapolitik iwwer nei Tësche-Reduktiounsziler bis 2035 eens ze ginn, am Virfeld vun der Weltklimakonferenz, déi den 10. November a Brasilien ufänkt.
Déi eng Länner wëllen un de Klimaziler festhalen, anerer sinn dogéint - dat mat der Argumentatioun, datt d’Industrie an Europa geschwächt wier. “An dat ass natierlech eng Consideratioun, déi ech deelen.", seet de Luc Frieden. D’Lëtzebuerger Regierung vertrëtt awer och d’Meenung, datt een “net permanent d’Klimaziler sollt ëmänneren”. Domat zielt Lëtzebuerg zu de Länner, déi un den CO2-Reduktiounsziler festhalen.
EU-Klimaziler an Asaz vu russeschem Staats-Suen: Wéi geet elo virun? Äntwerten dorop vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber kënnt der hei lauschteren.