Fir op EU-Gelder aus dem Klimasozialfong kënnen zeréckzegräifen ,war Lëtzebuerg verflicht, ee Klimasozialplang ëmzesetzen. Eng Rei vun de Mesuren existéiere schonn, wéi zum Beispill de Klimabonus "Mobilitéit", de Klimabonus "Wunnen" oder och de Gratis ëffentlechen Transport.
Mee och mat den existente finanziellen Hëllefen, wier zum Beispill de Kaf vun engem Elektroauto mat engem klenge Revenue quasi net méiglech, esou de Constat vum Serge Wilmes. Eng nei Mesure, déi de Plang dofir virgesäit ass de Leasing social vun Elektroautoen, wéi den CSV-Ëmweltminister erkläert.
"Et ass awer e Kontrakt op laang Zäit. An déi Mensualitéit wäert esou déif sinn, datt déi Akommeskategorie sech dat da kënnen och leeschten. Dat heescht, de Staat iwwerhëlt dann d'Differenz."
Wéini dat ëmgesat gëtt, ass awer nach net gewosst. Et misst een nach Gespréicher mat der EU-Kommissioun ofwaarden. Fir de Leasing Social wieren nämlech 62 Milliounen Euro virgesinn, vun den insgesamt 65 Milliounen Euro aus dem EU-Klimasozialfong, dee Lëtzebuerg fir 7 Joer kritt.
Och Locataire solle besser ënnerstëtzt ginn
Um Niveau Baue wëll ee virum allem d‘Locataire besser ënnerstëtzen, esou den DP-Energieminister Lex Delles. Eng Etude soll ënnersichen, wéi Locataire bësse viru Präishausse geschützt kënne ginn. An nach bis virum Summer soll ee Projet de Loi deposéiert ginn, fir d'Recht op d'Installéiere vu Bornen ze garantéieren.
"Droit à la borne, also fir notamment an de Residenzen, wou Locatairë sinn, et méi einfach ze maachen, fir och kënnen eng elektresch Bornen ze kréien."
Nieft Mesure fir d‘Energietransitioun ze ënnerstëtzen, sinn awer och weiderhin direkt Kompensatiounsmesure virgesinn, beispillsweis duerch den CO2-Steierkredit, wéi de Lex Delles erkläert.
"Wou een direkt a gestaffelt finanziell Kompensatiounen automatesch op der Salairesfiche integréiert gëtt, fir eebe grad esou d'CO2 -Bepräisunge kënnen ofzefiederen."
Domat géif een den Impakt vun der CO2-Besteierung op déi ënnescht Revenuen neutraliséieren, esou nach de Lex Delles, dee sech op Berechnunge vum STATEC berifft.
Eidel stoend Wunnenge solle mat Hëllef vum Staat fir vulnerabel Leit zur Verfügung gestallt ginn
Fir d‘energeetesch Renovatioun unzekuerbelen, gëtt ee Projet fir d‘Proprietäre lancéiert, huet den DP-Energieminister Lex Delles nach virun der Press erkläert.
"Éischtens d'energeetesch Renovatioun vun eidel stoende Wunnengen. Hei wäert en Appel à projet bei de Proprietäre mat eidel stoenden oder renovéierungsbedürftege Wunnenge lancéiert ginn. De Staat iwwerhëlt en Deel hei vun de Käschten, ënnert der Konditioun, an dat ass ganz wichteg, dass d'Wunneng engem Bailleur social fir eng länger Dauer zur Verfügung gestallt soll ginn."
Esou wéilt een op där enger Säit Wunnraum fir vulnerabel Leit schafen an och déi energeetesch Renovatioun fërderen, esou nach de Lex Delles.
Der Oppositioun feelt et u Konkretem
D’Deputéiert vun de Chamberkommissiounen fir Energie a fir Ëmwelt kruten déi aktualiséiert Versioun vum soziale Klimaplang scho gëschter vun de Ministere Lex Delles a Serge Wilmes virgestallt. D'Vertrieder:inne vun déi gréng a vun der LSAP erkennen am Plang duerchaus gutt Usätz, déi awer dacks net wäit genuch géife goen.
Der grénger Deputéiert Joëlle Welfring no wier de Gros vun de Mesurë scho Bestanddeel vum Energie- a Klimaplang vun der viregter Regierung gewiescht. Vill méi konkret wieren d’Pläng awer dräi Joer méi spéit nach net ginn.
Deemno wier Villes nach ganz vage, zum Beispill wat d’Fërderung vun energeetesche Sanéierunge bei Appartementer ugeet, oder de Leasing social.
"Wat ech vermëssen ass e kloert Lancement vun deem soziale Leasing, wat wierklech eng Kärmoossnam misst sinn a sou engem Plang. Elo sinn nach zweeanenhallef Joer vergaangen. Déi Iddi, déi koum vun eis an den Energie- a Klimaplang virun dräi Joer."
D'Joëlle Welfring géif och net gesinn, datt dat materialiséiert géif ginn. An dat obwuel et ganz dréngend wier.
LSAP begréisst e puer Mesuren, mee gesäit Problemer méi déif leien
Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot erkennt eng Rei gutt Mesuren am soziale Klimaplang, fir d’Leit an d’Betriber am Effort vun der ekologescher Transitioun matzehuelen.
Déi meescht Mesure wieren allerdéngs just als Ureiz geduecht. Dat géif net wäit genuch goen, esou den LSAP-Deputéierten, dee fënnt, datt ee méi ambitiéis misst sinn an och zum Beispill mat verschiddene Verbueter, nom Pollueur-Payeur-Prinzip oder mat Taxe misst virgoen.
Eng Mesure am Plang ass et, Wunnengen déi eidel stinn, ze sanéieren. Dat fënnt de Franz Fayot och eng gutt Iddi, mee de Problem géif op enger ganz anerer Plaz ufänke seet hien.
"Et misst am Fong net méiglech sinn, eng Wunneng eidel stoen ze loossen hei am Land. Mir sinn e Land, wat eng riseg Wunnengskris huet, mat enger grousser Deierecht. A fir do einfach Proprietären et ze erlaben, eng Wunneng eidel stoen ze loossen, ass am Fong net akzeptabel."
De Sozialist proposéiert deemno eng méi staark Besteierung vun eidelem Wunnraum mat enger energeetescher Sanéierung ze verbannen.
Mam Detail vum iwwerschaffte soziale Klimaplang konnte sech d’Deputéiert allerdéngs nach net befaassen. Si hunn de Plang selwer eréischt an der Sëtzung ze gesi kritt, wat si bedauert hunn.