Hir Partei wier "gespréichsbereet" fir am Europaparlament zesumme mat der EVP eng Majoritéit ze forméieren, esou Terry Reintke. Si wollt awer net am Detail drop agoen, wéi eng Fuerderungen an der Klimapolitik mussen erfëllt ginn, fir datt déi Gréng sech op esou en Deal aloossen. Dat géif sech eréischt an de Gespréicher no de Wale weisen. Si betount, datt déi Gréng ee Wäertekompass hätten an d'Europäesch Unioun wéilt gemeinsam virubréngen.
"Wir sehen aber auch, wie groß der Handlungsdruck jetzt ist. Deswegen: Ja, wir sind gesprächsbereit, aber wir werden nicht um jeden Preis Teil von einer Mehrheit werden wollen."
Wann ee sech mat der EVP eens gëtt, da wieren déi Gréng och bereet d’Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin ze ënnerstëtzen, esou nach d’Terry Reintke.
Optimistesch och wa Verloschter virausgesot ginn
Si wéilt sech iwwerdeems net op ee konkret Walzil festleeën. Et géif an de leschten Deeg vum Walkampf net drëms goen, wéi vill Europadeputéiert déi Gréng kréien, mee wat si wëlle mat hire Mandater erreechen.
Ëmfroe soen de Gréngen däitlech Verloschter viraus. Trotzdeem weist d'Terry Reintke sech optimistesch.
D’Terry Reintke ass zesumme mam Hollänner Bas Eickhout europawäit Spëtzekandidatin fir déi Gréng bei dësen Europawalen.