Si solle vun den Industriestaaten all Joer 300 Milliarden Dollar kréien, fir sech un de Klimawandel unzepassen. Den Accord gouf vu villen als enttäuschend ugesinn. Verschidden UNO Experten an Expertinne soen, de Globale Süde bräicht 1.000 Milliarden, also dräimol méi.
De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes huet e Sonndeg an engem Communiqué geschriwwen, déi 300 Milliarde wieren eng substantiell Augmentatioun par Rapport zu 2022. Et wier den Ufank vun enger neier Era vun der internationaler Klimafinanzéierung.
De COP29-Accord gëtt och kritiséiert, well an der Schlussdeklaratioun net méi explizitt vun enger "Transitioun" vu fossillen op erneierbar Energië rieds geet. Dat huet och de Lëtzebuerger Ëmweltminister bedauert.