Den Andrew ass de Brudder vum aktuelle brittesche Kinnek Charles. De verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein war een enge Vertraute vum Andrew. De Jeffrey Epstein huet sech 2019 an engem US-Prison d'Liewe geholl, wéi et vun offizieller Säit heescht.
Kee Prënz méi
Andrew Mountbatten Windsor, ass vun elo un dem King Charles sengem Brudder, säin ofzielen Numm. De Prënzentitel fält ewech. D‘Regierung, wei och de Publik, weisen sech erliichtert. Trotzdeem bleiwen nach vill Froen op.
Virginia Giuffre
D‘Virginia Giuffre huet den Andrew beschëllegt, si als mannerjäregt Meedche vergewaltegt ze hunn. Detailer vun dëse Ugrëff goufe viru kuerzem an hirem Buch verëffentlecht. Den Andrew weist d‘Virwërf säit Joren zréck, mee et koumen ëmmer nei Skandaler dobäi. Viru kuerzem hu Medie bericht, datt den Andrew Membere vun der Police gefrot soll hunn, fir belaaschtend Informatiounen iwwert d'Virginia Giuffre ze fannen.
D’Roserei an der brittescher Bevëlkerung ass grouss. Demonstranten haten en Dënschdeg de brittesche Kinnek bei enger Visitt an enger Kathedral op den Andrew ugeschwat. Dat huet du wuel d'Faass zum iwwerlafe bruecht. Wei de Publik op dem Charles seng Decisioun reagéiert huet, konnt ee gëschter um Donneschdeg live an der Sendung Question Time op der BBC héieren, déi extra dofir ënnerbrach gouf.
Och d'Famill vum Virginia Giuffre huet reagéiert.
"Hatt wier esou stolz. Hien heescht lo just Andrew an ass kee Prënz méi. Hätt wäert am Himmel feieren"
Esou dem Virginia Giuffre sengem Brudder seng Wieder. D'Virginia Giuffre hat sech am Alter vun 41 Joer am Abrëll dëst Joer d'Liewe geholl.
Keir Starmer ënnerstëtzt Decisioun
De brittesche Premier Keir Starmer sot hie géing d'Decisioun vun der Royal Family absolut ënnerstëtzen. Den Andrew wäert elo aus em ëffentleche Liewe verschwannen, an op eent private Cottage vun der Royal Family am Norde vun England plënneren. Sai Brudder, de Kinnek, soll dat privat finanzéieren. Detailer doriwwer ginn et awer wéineg.