Zu Lëtzebuerg waren 2024 ronn 10 Prozent manner Visiteuren an de Kinoe vu Kinepolis, wéi dat nach 2023 de Fall war. Den Eddy Duquenne erkläert sech dat virun allem duerch de Streik zu Hollywood. Doduerch waren an der éischter Hallschent vum Joer manner Hollywood-Produktiounen an de Kinoen ze gesinn.
"Le deuxième semestre, nous avons des résultats records, grâce bien sûr au retour à plus de films dans un décor, où Hollywood se récupère toujours de la pandémie et des grèves."
Premiumofferen zu Lëtzebuerg ganz beléift
Am leschten Trimester vun 2024 konnt een duerch déi vill Filmer esouguer eng Hausse vu knapp 10 Prozent vun de Visiteure par rapport zum Joer virdru realiséieren, esou de CEO vu Kinepolis. An och fir d'Zukunft ass den Eddy Duquenne optimistesch.
"Donc, on espère cette année et l’année prochaine le retour de plus de films hollywoodiens, mais notre groupe investit surtout dans une meilleure expérience pour le client."
Déi sougenannt Premiumoffere vun de Kinoe wieren deemno besonnesch zu Lëtzebuerg ganz beléift, esou nach de CEO vu Kinepolis, den Eddy Duquenne.
Visiteurszuelen an alle Länner zeréckgaangen
Kinepolis huet zejoert a sengen dräi Kinoen zu Lëtzebuerg eng 730.000 Tickete verkaf. Dat war eng Baisse vu ronn 10 Prozent am Verglach zum Joer virdrun, esou de Joresrapport 2024 vu Kinepolis.
Och an den anere Länner, an deene Kinepolis Kinoen huet, goungen d'Visiteurszuelen zeréck. Am Ganze waren et der zejoert 32,6 Milliounen. Dat ass eng Baisse vu 7,9 Prozent am Verglach zum Joer virdrun.