arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kennzeechnung fir Gentechnik soll ewegfalen

EU

|
headphones

1 min

Kennzeechnung fir Gentechnik soll ewegfalen

Liewensmëttel, déi mat moderne Gentechnik-Methode verännert goufen, sollen an Zukunft ouni speziell Kennzeechnung an europäesche Supermarchéë kenne verkaaft ginn. Doriwwer goufen Ënnerhändler vun der EU an dem Europaparlament sech zu Bréissel eens.

headphones

1 min

Gentechnik | © Erwan Hesry / Unsplash
Gentechnik (Foto: Erwan Hesry / Unsplash)

Déi Decisioun muss nach vun den EU-Staaten an dem EU-Parlament confirméiert ginn. Kritiker fuerderen, datt un der Kennzeechnung muss festgehale ginn. De Konsument misst de Choix, wat e keeft, bewosst kënne maachen. Vum Accord gi sech Uebst- a Geméiszorten erwaart, déi méi Recolte bréngen an och resistent géint de Klimawandel sinn.