An deem Sënn sollt e Friddensplang, deen am September vu 4 Länner presentéiert gouf, ënnerstëtzt ginn. D’sudaneesesch Communautéit zu Lëtzebuerg an d’Friddens- a Solidaritéitsplattform organiséieren dann och muer um Samschdeg mëtten e Solidaritéitspiquet beim Ausseministère.
Wafferou vun 3 Méint kéint kommen
D'RSF-Miliz, déi géint déi sudaneesesch Arméi kämpft, huet gëschter um Donneschdeg matgedeelt, si wier bereet eng humanitär Wafferou vun dräi Méint ze akzeptéieren. Et ass awer nach net kloer, ob och d'Arméi bereet ass op dee Wee ze goen.
Hëllefsorganisatiounen haten an de leschten Deeg viru Krichsverbriechen an enger Hongersnout an der Regioun Nord-Darfur gewarnt. D’Eva Hinds, déi fir Unicef am Sudan schafft, sot am 100,7-Interview, d’Situatioun op der Plaz wier "fuerchtbar".
"Zéngdausende Leit sinn op der Flucht. De leschten Zuelen no sinn et der 80.000. Vill vun hinne ware laang zu Alfaascha blockéiert. Do hunn d‘Attacke 500 Deeg laang gedauert. A vill Leit hate méintelaang net genuch ze iessen, an e ganz limitéierten Accès zu Waasser, Medikamenter an aner Servicer. A wéi mir d‘Leit do begéint hunn, zum Beispill Kanner, waren der vill blesséiert a komplett traumatiséiert. Si ware just nach Haut a Schank, well si esou laang näischt ze iessen haten."
Héije Risiko Affer vu sexueller Gewalt ze ginn
D'Rees dohi wier tëschent 40 a 50 Kilometer wäit, dacks wiere Frae mat hir Kanner eleng ënnerwee. Si hätten och näischt mat op d'Flucht kéinten huelen, erkläert d'Eva Hinds.
"Si hu knapps Kleeder un a si hu musse wäit goen, bei schwéiere Wiederkonditiounen. An et gëtt dacks Kontrollen, dat ass immens geféierlech, et gëtt iwwerall geschoss an et gëtt och physesch oder sexuell Gewalt. Frae riskéiere vergewaltegt ze ginn."
All Akt mat villen Hürde verbonnen
All Kéier, déi een iwwer d'Grenz misst goen, bréicht een eng Autorisatioun vun enger vun de Krichsparteien.
"Et gi vill bürokratesch Hürde fir eis a mir brauche vill Permisen. An da sinn oft Stroosse blockéiert oder Brécken, déi futti sinn, op ville Plaze funktionéieren d'Infrastrukturen einfach net méi. Et ass ganz schwéier fir eis d'Leit, déi Hëllef brauchen, ze erreechen."
Dat eenzegt Positiivt bei all deene schrecklechen Nouvelle wier ...
"... datt et elo en Interêt gëtt, an datt elo iwwer d'Schicksal vun de Kanner an de Leit am Sudan bericht gëtt."