Dës Variant, déi de fréiere grénge Mobilitéitsminister François Bausch scho virgesinn hat, an déi vum Stater Gemengerot refuséiert gouf, kéint hëllefe bei engem Ausbau vum Reseau déi kriddeleg Punkten ze entlaaschten.
Besonnesch d‘Reduktioun op eng Spuer um Glacis wärend der Schueberfouer géif zu Engpäss féieren. Dowéinst géifen alternativ Léisunge gesicht ginn. Déi sollen awer de Stater Park esou wäit wéi méiglech verschounen.