arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng zefriddestellend Äntwerten no der Pann - Monopolstellung vu LuxTrust a Fro gestallt

National

|
headphones

2 min

Keng zefriddestellend Äntwerten no der Pann - Monopolstellung vu LuxTrust a Fro gestallt

D’Explikatiounen zur LuxTrust-Pann vum DP-Wirtschaftsminister Lex Delles wieren net wierklech berouegend gewiescht, sot d’CSV-Deputéiert Diane Adehm no der zoustänneger Chamberkommissioun op Nofro hin.

headphones

2 min

Wärend der Pann vu LuxTrust am Dezember, déi bal 24 Stonne gedauert huet, ware sämtlech Operatioun hei am Land, déi eng elektronesch Ënnerschrëft brauchen, net méi méiglech. 

LuxTrust ass keng kritesch Infrastruktur 

An der zoustänneger Chamberkommissioun wier d'Fro opgeworf ginn, firwat LuxTust net als kritesch Infrastrukture klasséiert gëtt.

Hei hätt ee keng zefriddestellend Äntwert kritt, soen d’Diane Adehm vun der CSV an och den LSAP-Deputéierte Ben Polidori.

"Et soll méi resilient gemaach ginn. Et sinn Iddien op den Dësch komm, déi sinn, technesch gesinn, akzeptabel. Et muss een awer elo kucken, ob dat effektiv d'Strooss wäert halen oder net. An do bleiwen ech am Moment nach e bëssen op mengem Honger sëtzen."

Bei der Pann wier am Land guer näischt méi gaangen, kritiséiert d'Diane Adehm.

Keng kloer Äntwert op d'Fro no de Käschten 

Op d'Fro, wéi vill dës Pann de Privat-Secteur wéi och d’Fonction publique an de privaten Notzer kascht hätt, hätt ee keng kloer Äntwert kritt. 

"Da kréie mir just gesot, LuxTrust huet dat näischt kascht, well et huet jo keen eng Demande en dommage en intérêt gemaach. Fakt ass awer, datt Lëtzebuerg stoung deen Dag. Multiline ass net gaang. Et konnt kee bezuelen. Wouvunner guer net geschwat ginn ass, dat ass: d'Gemengen hunn net fonctionnéiert, well d'Gemenge funktionéieren och mat LuxTrust-System."

Minister sicht no Léisungen 

Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles sot no der zoustänneger Chamberkommissioun, datt no Léisunge gesicht gëtt. 

"Mir hunn awer gekuckt, wat de Punkt ass, wéi et och an Zukunft wäert weidergoen. Zum Beispill mam E-Wallet, wou d'Betriber wäerten aner Accèsen hunn, wou souwisou wäerten aner Acteuren och op de Marché kommen, fir déi Servicer do unzebidden."

Hei ass riets vu System EUDI-Wallet vun der Europäescher Unioun, fir digital Signature.

D’CSV an d’LSAP hate gefrot datt d’LuxTrust-Pann haut um Donneschdeg an der Chamberkommissioun diskutéiert gëtt.