arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng staatlech Subside fir d’ASBL Sichhënn.lu

National

|
headphones

2 min

Keng staatlech Subside fir d’ASBL Sichhënn.lu

D’ASBL Sichhënn.lu wäert och weiderhi keng finanziell Hëllef vum Staat oder vun der Police kréien, dat confirméiert d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

headphones

2 min

Sichhënn.lu | © Sichhënn.lu
(Foto: Sichhënn.lu)

D‘ASBL hat am Summer en Appell gemaach, fir eng staatlech Konventioun ze kréien, fir weider kënnen ze bestoen.

Doropshi ware Reunioune mat der Police, mam CGDIS a mam Landwirtschaftsministère, mee et koum een zur Conclusioun, datt keng konkret Zesummenaarbecht mat der ASBL Sichhënn.lu gebraucht gëtt.

D’Police géif am Fall vun enger Vermësstemeldung op hir eege Ressourcen zeréckgräifen. Wann zousätzlech Hondsstaffelen néideg wieren, géif d’Police mat den offizielle Partner, dem CGDIS an der Croix rouge, zesummeschaffen. Déi Equipe wiere professionell ausgebilt an d'Déiere wiere konform zu interntionale Standarden trainéiert.

Leit, déi der Police ee vermëssten Déier mellen, géifen an der Reegel u kompetent Kontaktstelle weidergeleet, dorënner och d'ASBL Sichhënn.lu. Et géif awer keng formell Zesummenaarbecht oder Accord ginn.

Mat de Rettungs-a Sichhënn vum CGDIS an der Croix rouge wieren zu Lëtzebuerg genuch Hënn fir d’Missiounen, déi de CGDIS dem Gesetz no erfëlle muss, zur Verfügung. Et géif kee Besoin bestoe fir op weider privat Vereenegunge mussen zeréckzegräifen.

Kritik: Landwirtschaftsministerin huet net op d'Fro geäntwert

De Landwirtschaftsministère kéint awer iwwer ee Subsid eng finanziell Ënnerstëtzung ginn. Do wier awer nach keng formell Demande agereecht ginn, esou nach d‘Landwirtschaftsministesch.

D’Presidentin vun der Sichhënn asbl seet et wier ee sech bewosst, dass d’Police an de CGDIS hei gutt opgestallt wieren. Ma si kritiséiert, dass d’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen hei net op déi eigentlech Froe geäntwert hätt. Et hätt och schon 2023 eng ähnlech Äntwert op eng Question parlementaire ginn, esou d’Tanja Forette

"An säitdem kréie mer am Fong ëmmer déi nämlecht Äntwert, dass d'Police an de CGDIS fir vermësste Persounen zoustänneg sinn. Mee dat ass net d'Fro. Mir géife gär wëssen, wa mir et net méi maachen als Sichhënn, u wie kënne mir d'Leit verweisen, wa se hiert Déier vermëssen, wa se Hëllef brauchen, fir hiert Déier ze sécheren, fir hiert Déier ze fannen oder wat mer elo rezent de Weekend haten, wann hiert Déier erdronk ass an et an der Baach läit an et muss erausgefëscht ginn. Well do huet och kee gehollef de Leit. Do ware mir dunn hin an hunn den Hond draus gefëscht an hunn den Chip ausgelies."