An engem Communiqué huet Meta erkläert, et wier eng schwiereg Decisioun, mee wéinst de strengen Ufuerderunge vum neien EU-Reglement iwwert Transparenz bei politescher Reklamme, géif de Konzern sech gezwonge gesinn, dës ganz Zort vu Reklammen – dorënner och Walcampagnen a gesellschaftlech Themen – am EU-Raum ze blockéieren.
arrow_back_ios
Noriichten
Sozial Medien
|Keng politesch Reklamme méi op Meta
De Grupp Meta, zu deem ënner anerem Facebook an Instagram gehéieren, huet ugekënnegt, vun Oktober u keng politesch Reklamme méi op senge Plattformen an der EU zouzeloossen. Grond dofir wieren EU-Reegelen, déi an der Praxis net ëmzesetze wieren.
(Foto: Bigstock / sergei_elagin)