arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng nei Tramsarrête fir 2026, dofir awer en neien Tramsschapp

Luxtram

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Keng nei Tramsarrête fir 2026, dofir awer en neien Tramsschapp

De Bau vun engem zweeten Tramsschapp an enger zweeter Linn um Kierchbierg sinn déi zwee grouss Projete fir Luxtram fir 2026. Am 100,7-Interview huet de Generaldirekter Helge Dorstewitz erkläert, datt et e besonnesche Moment gewiescht wier, wéi lescht Joer d'Haaptlinn vun der Tram fäerdeg gi wier.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Luxtram | © Jo Diseviscourt
Luxtram (Foto: Jo Diseviscourt)

Zënter Februar kann ee mat der Tram nämlech op de Findel fueren an et ginn och konkreet Pläng, wéi et soll weidergoen.

Nei Tramsstreck bis 2027 fäerdeg

2026 wäert awer keen neien Arrêt bei den aktuellen Tramsreseau bäikommen. Dat heescht awer net, datt Luxtram net doru géif schaffen, esou de Luxtram-Generaldirekter Helge Dorstewitz.

"Wir haben die erste Linie in Betrieb und gehen jetzt sozusagen mehr in die Breite, wenn ich das so sagen darf. Wir haben ja auch schon angefangen auf dem Abschnitt K2, also auf dem Boulevard Adenauer zu bauen."

Um Kierchbierg soll bis d’Rentrée 2027 eng nei Tramsstreck entstoen, déi dann d’École européenne, grad wéi nei gebaute Quartieren un de Reseau géif ubannen.

"Und das nicht erst wie bei bestehenden Viertel im Nachhinein, sondern der Idealfall ist ja immer, dass der öffentliche Transport schon da ist, wenn die Einwohner dann auch kommen. Und natürlich die Schüler müssen oder ich weiß nicht, ob sie wollen, aber sie können dann auf jeden Fall mit der Tram zur Schule fahren und nachmittags wieder zurück."

An enger zweeter Phas soll den Tracé iwwer de Boulevard Frieden bis bei d’Luxexpo verlängert ginn.

Tramsschapp um Kierchbierg ze kleng

Wärend dës Aarbechte schonn zënter leschtem Joer amgaange sinn, sollen déi vum neien Tramsschapp op der Cloche d’Or dëst Joer eréischt lassgoen.

Den aktuellen Tramsschapp um Kierchbierg wier an Zukunft net méi grouss genuch, erkläert den Helge Dorstewitz.

"Der ist eben gebaut worden für die 33 Züge, die wir zum Betrieb der Linie 1 brauchen. Es sind noch ein paar kleine Reserven drin, also er ist nicht 100 Prozent ausgelastet. Aber wir werden ja von jetzt 16 Kilometern auf 2035 insgesamt über 40 Kilometer bis 50 Kilometer Länge das Netz ausbauen."

Dem Generaldirekter vu Luxtram no soll den neien Tramsschapp annerhallef Mol esou grouss si wéi deen, deen den Ament um Kierchbierg steet.

Wann e bis fäerdeg ass, géifen déi zwee Tramsschäpp da parallel genotzt ginn.

 

play_arrow Lauschteren