Radioen

On air

9 bis 1  |  La Roux - International Woman of Leisure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng konkret Resultater am Echange tëscht Premier a Gewerkschaften

Sozialdialog

Keng konkret Resultater am Echange tëscht Premier a Gewerkschaften

Ouni konkret Resultater koum et den Dënschdeg zu enger Entrevue tëschent dem Premierminister Luc Frieden an Presidente vum OGBL an LCGB Nora Back a Patrick Dury. De Premier hat op dësen Echange invitéiert, fir “de soziale Fridden” bäizebehalen. D’Gewerkschaften hu sech no der Entrevue éischter virsiichteg optimistesch ausgedréckt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Den Dënschdeg hätt nach keng Verhandlungsronn stattfonnt, esou de Premier no der Reunioun, et wier an engem éischte Schrëtt drëms gaangen, Perspektiven auszetauschen, an déi da mat an d’Regierung ze huelen. Et wéilt een an engem nächste Schrëtt méi konkret iwwer déi verschidden Dossieren diskutéieren, esou nach de Luc Frieden, deen eng “sozial Ronn” an den nächste Wochen oder Méint ugekënnegt huet.

Dëst wier awer keng Tripartite, well dat ee Kriseninstrument wier, sou nach de Premier, deen awer op Nofro hi keng weider Detailer doriwwer nenne wollt, mat wiem a wéini genee dës sozial Ronn stattfanne soll.

D'Nora Back ass virsiichteg optimistesch

Sträitpunkter gëtt et aktuell jo genuch: Zum Beispill iwwer d’Sonndesaarbechtszäiten an d’Kollektivvertraggesetz. An awer hunn d’Gewerkschaften no der Reunioun vun engem konstruktiven Echange geschwat. D’Presidentin vum OGBL Nora Back huet et begréisst, datt een d’Volontéit vun der Regierung geséich, fir de Sozialdialog ze verbesseren. An awer wier hiert Vertrauen ugeseet ginn, esou d’Nora back, déi kloer rout Linne gezunn huet. Et wéilt "endlech d‘Kou vum Äis kréien", a kloer stellen, datt d‘Gewerkschaften d‘Recht behale fir Kollektivverträg ze verhandelen an datt d‘Unzuel vu Kollektivverträg zu Lëtzebuerg weider klëmmt.

De Patrick Dury wënscht sech eng aner Zort Sozialdialog

De President vum LCGB Patrick Dury huet sech nach méi streng ausgedréckt. Et géif ee sech vun der ugekënnegter sozialer Ronn méi konkret Resultater erwaarden. De Patrick Dury huet virun allem kritiséiert, datt d’Regierung wat de Sozialdialog ugeet eng aner Sprooch wéi d’Gewerkschafte schwätze géif.

"Et ass ganz kloer rauskomm, datt d’Regierung eng ganz aner Approche zum Sozialdialog huet oder soe mir mol hat. Déi éischter de Sozialdialog als Concertatioun betruecht huet mat deenen eenzelenen Acteuren an d’Gewerkschaften, opgrond vun der Entwécklung vun eisem Sozialmodell. Fir eis ass de Sozialdialog eppes wou ee ech zesummen eens gëtt fir an eng Richtung ze schaffen, fir dann op e Resultat ze kommen."

Den Aarbechtsminister Georges Mischo war iwwerdeems den Dënschdeg net dobäi. Allerdéngs hat de Premier haut och ee Gespréich mam UEL-President Michel Reckinger.

Lauschterenplay_arrow