arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tierkei: Keng gréisser Schied no Äerdbiewen

6,1 op der Richterskala

|
headphones

1 min

Tierkei: Keng gréisser Schied no Äerdbiewen

Am Weste vun der Tierkei koum et zu engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,1 op der Richterskala. Aussoe vun der Katastropheschutzautoritéit Afad no war den Epizentrum an der westtierkescher Provënz Balikesir.

headphones

1 min

Kuerz virun 23 Auer um Méindegowend wier d‘Biewen och an de Milliounemetropolen Istanbul an Izmir ze spiere gewiescht. Gréisser Schied goufe bis ewell keng gemellt.

D'Rettungsautoritéite waren op der Plaz, heescht et nach vum tierkeschen Inneminister iwwer d‘Plattform X.