arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zich tëschent Lëtzebuerg an Diddenuewen: Retarden a Suppressiounen

CFL

|
headphones

1 min

Zich tëschent Lëtzebuerg an Diddenuewen: Retarden a Suppressiounen

D’Circulatioun vun den Zich tëschent Lëtzebuerg an Diddenuewen huet erëm ugefaangen, nodeem zäiteweis keng Zich gefuer waren.

headphones

1 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Robert Schmiegel
(Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Robert Schmiegel)

Wéinst enger technescher Pann vun engem Gidderzuch um franséische Reseau tëschent Diddenuewen a Grouss-Hetteng, waren de Moie keng Zich tëschent Lëtzebuerg an Diddenuewen gefuer.

Elo soll de Gidderzuch ewech geholl ginn. D’Circulatioun vun den Zich tëschent Lëtzebuerg an Diddenuewen leeft de Moment op enger Spuer tëschent Lëtzebuerg a Frankräich.

Dowéinst misst mat Retarden a Suppressioune vun Zich gerechent ginn, huet d’CFL no 9 Auer de Moie gemellt.