Dogéint hat de Vertrieder vum Parquet leschte Mëttwoch ënner anerem véier Joer Prisong mat Sursis fir de fréiere grénge Gemengepapp verlaangt.
An den Ae vum Me Rosario Grasso wier duerch déi Faiten, déi dem Roberto Traversini reprochéiert ginn, kee grousse Schued entstanen an deen hätt sech exemplaresch beholl. Hie géif haut och Saachen anescht gesinn an hätt sengerzäit keng Strofdot wëlle maachen.
"Keen eegenen Interessi"
De Me Rosario Grasso huet betount, datt säi Client 5 Mol vun der Police gehéiert gouf. Do wier hie genee esou kooperativ gewiescht wéi beim Untersuchungsriichter an hätt näischt ofgestridden.
"Gëtt hien dann eng Strofdot zou?", wollt de President vum Geriicht wëssen. Säi Mandant hätt net d’Absicht gehat, fir déi Strofdoten ze maachen, déi him reprochéiert ginn, war dem Affekot seng Äntwert dorop.
Viru Geriicht hätten d’Zeien och gesot, datt dat, wat säi Client gemaach huet, sengem Engagement geschëlt wier. En eegenen Intressi hätt net virgeleeën.
Parquet: Méi grave Konsequenzen, wéi et hätt missen hunn
Zu den Haaptuklopunkte sot de Me Rosario Grasso: Wat de Vertrag mat enger Baufirma ugeet, fir ënner anerem d’Gaardenhaischen zu Nidderkuer un de Kanal unzeschléissen, woufir e Budgetsposte vun der Gemeng benotzt gouf, hätt de Roberto Traversini am Intressi vun der Allgemengheet gehandelt.
Fir d’Erneieren - duerch de CIGL - vun Troittoirsplättercher beim Gaardenhaischen, wat och iwwer e spezielle Budgetsposte gelaf ass, sollt den Ex-Gemengepapp op Grond vun Zweiwele fräigesprach ginn.
A wat eng Wëldschwäiclôture ronderëm d’Gaardenhaische betrëfft, déi um Enn och vun der Gemeng bezuelt gouf, wier ni dovu rieds gewiescht, datt déi Aarbechten net sollten a Rechnung gestallt ginn.
Wouropshin de Vertrieder vum Parquet repliquéiert huet, datt d’Aarbechte vun enger Baufirma fir een Haus eleng waren, an net fir anerer.
Manner dramatesch wéi geduecht
Ënner dem Stréch wier den Dossier awer net esou dramatesch gewiescht, wéi am Ufank geduecht. En hätt och méi grave Konsequenze gehat, wéi en der hätt missen hunn, esou de Vertrieder vum Parquet.
Den 12. Mäerz gëtt d’Urteel gesprach.