De Bedreiwer lux-Airport géif d'Käschten droen. Deemno sollen d'Präisser fir Fligerticketen doduerch net klammen, esou nach d'Ministesch.
lux-Airport hat d'Start- a Landebunn um Findel fir ronn 150 Milliounen Euro sanéiere gelooss. D‘Resultat entsprécht awer net den Erwaardungen. lux-Airport hat ugekënnegt, all Méiglechkeeten ze préiwen, dorënner och eng Klo.