arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Fortschrëtter bei de Friddensgespréicher fir d'Ukrain

NATO

|
headphones

1 min

Keng Fortschrëtter bei de Friddensgespréicher fir d'Ukrain

D'NATO-Ministeren zu Bréissel gesi keng Fortschrëtter bei de Friddensgespréicher fir d'Ukrain. Den Donald Trump huet no der Renconter vun der amerikanesch Delegatioun zu Moskau betount, datt de Wladimir Putin den Ukrainkrich awer wéilt op en Enn bréngen.

headphones

1 min

Op enger Reunioun vun den NATO-Ministeren zu Bréissel gouf festgehalen, datt d‘NATO-Staaten d'Ukrain weiderhi militäresch ënnerstëtze missten. Dofir sollen och d‘nächst Joer weider all Mount Waffen a Munitioun fir d‘Ukrain vun den Amerikaner fir ëmgerechent jeeweils 1 Milliard Dollar ofkaaft ginn. Dat sot den NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Insgesamt ginn op d'mannst weider 15 Milliarden Dollar gebraucht. 

Amerikanesch Delegatioun zu Moskau

De russesche President Wladimir Putin wéilt den Ukrainkrich op en Enn bréngen. Dat huet den amerikanesche President Donald Trump nach emol ënnerstrach. Déi amerikanesch Delegatioun war gëschter um Mëttwoch zu Moskau fir eng Renconter mam russesche Staatschef Wladimir Putin. 

D‘Gespréicher tëschent dem ukraineschen Negociateur Rustem Umerov an dem amerikanesche Spezial-Emissär fir d'Ukrain Steve Witkoff ginn haut um Donneschdeg a Florida weider.

Macron: Appell fir Enn vun Ukrainkrich

Um Rand vun enger Staatsvisitt a China huet de franséische President Emmanuel Macron appelléiert, zesummen un engem Enn vum Krich an der Ukrain ze schaffen. E weidere Sujet bei de Gespréicher tëschent dem franséische President an dem chineesesche Staatschef Xi Jinping ass de kommerziellen Desequiliber tëschent China an der EU.