arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Aussoe vun den Ugekloten um sechsten Dag

zweete Bommeleeërprozess

|
headphones

3 min

Keng Aussoe vun den Ugekloten um sechsten Dag

De sechsten Dag vum zweete Bommeleeërprozess war e moren: Wee sech eppes vun den Auditioune vun den Ugekloten erwaart hat, dee gouf enttäuscht. Déi fréier héich Responsabel vun der Gendarmerie Guy Stebens, Pierre Reuland an Armand Schockweiler hu vun hirem Recht Gebrauch gemaach, net auszesoen.

headphones

3 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Fir de Me Lehnen, Affekot vum Ugekloten aus dem éischte Prozess Jos Wilmes, ass dat bedauerlech. Hien an de Me Hirsch, Affekot vum aneren initial Ugeklote Marc Scheer, hunn awer och matkritt, datt den Ex-Policechef Pierre Reuland sot, datt a sengen Aen de Marc Scheer an de Jos Wilmes keng Bommeleeër sinn.

De Me Lehnen geet an deem Kontext vun "warscheinlech ganz sincèren Aussoen" aus.

“Mir freeën eis natierlech iwwer esou Aussoen, well dat stëtzt eis Analys vum Dossier komplett. Dat si positiv Momenter an dem heite Prozess. Och fir eis Clienten ass dat schéin, dat vun hiren alen Aarbechtskolleegen ze héieren, an awer däerf een ni vergiessen, datt den Ausléiser vun dësem zweete Prozess nach ëmmer déi vermeintlech falsch Aussoe vun deene 6 Prévenuen - et waren der am Ufank 7, elo sechs Prévenuen - waren.” 

D'Ugeklote wéilte keng weider Aussoe maachen, well se sech, an hiren Aen, schonn dacks genuch dozou geäussert hätten, esou de Me Lehnen.

"Fir eis ass et natierlech eng Situatioun, déi éischter déplorabel ass, wann ee bedenkt, datt den Här Scheer an den Här Wilmes all déi Joren drop gewaart hunn, genau op dëse Moment, fir ze wëssen, wéi et elo weidergeet, well hire Prozess 2014 justement dowéinst gestoppt gouf."

Hir Cliente séizen domat weider um Grill, wat inacceptabel wär, esou de Me Lehnen.

Trotz Verweigerung vun der Ausso e puer Umierkungen

D'Ugekloten hu just eng Deklaratioun virgelies. E puermol ass haut um Dënschdeg awer och de Saz gefall: "Wat fir eng Ursaach hätt ech gehat, fir am éischte Prozess vun 2013 an 2014 ze léien?" Obwuel si näischt iwwer hir Deklaratioun eraus soe wollten, hunn si nawell op e puer Froe geäntwert. Bis engersäits de Me Pierret, Affekot vum Guy Stebens, intervenéiert huet an anerersäits de Pierre Reuland seng markant Ausso aus dem éischte Prozess, et géif ee bis op e gewëssenen Niveau kommen, an da wär Schluss, als Bistrosgespréich ofgedoen huet.

Doriwwer eraus waren et d’Aussoe vum Armand Schockweiler, hien hätt d’Justiz net wëllen an d’Ier féieren, vum fréieren Enquêteur Guillaume Büchler, hien hätt sech näischt virzewerfen, a vum Ex-Member vun der Brigade mobile Marcel Weydert, hien hätt begraff, datt hien net op de Fotoen nom Attentat an de Kasematten am Juli 1985 war.

Muer plädéieren da fir d’éischt d’Affekote vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes: Si sinn déi Eenzeg, déi bis elo virgeheit kréien, ënnert de Bommeleeër aus den 1980er Jore gewiescht ze sinn. Dono ass et am zweete Prozess dann um Requisitoire vun der Vertriederin.