De Premier Keir Starmer schwätzt vun engem wuessenden antisemitteschen Haass, dee Groussbritannie bekämpfe muss. Hien huet beweegt gewierkt, wei hie sech gëschter Owend un d‘Kamerae geriicht huet.
"Kee soll an dëser Angscht liewen"
Groussbritannien ass e Land, dat jiddesch Communautéiten opgeholl huet an hinnen en Doheem a Sécherheet gebueden huet, esou de Premier. Mee et wier och e Land, wou jiddesch Gebaier ronderëm d'Auer misste bewaacht ginn, wéinst den deegleche Bedroungen, déi si kréien.
Hien huet sech dunn direkt un déi jiddesch Matbierger geriicht.
"Ech weess, wéi vill Angscht dir an Iech drot. Wierklech. Am Numm vun eisem Land wëll ech meng Solidaritéit ausdrécken, awer och meng Trauregkeet, datt dir weider mat dësen Ängschte liewe musst. Keen sollt dat mussen. Keen."
De Premier sot, hie géing alles maachen, wat a senger Muecht wier, fir hinne Sécherheet ze garantéieren. Scho gëschter um Donneschdegowend gouf d‘Zuel vun de Poliziste viru Synagogen zu London an zu Cardiff eropgesat.
Nei Informatiounen zum Täter
Kritesch Wierder goufen et vum israeeleschen Ausseminister Gideon Sa'ar, dee sot, et géing een elo méi wei just Wierder vum Keir Starmer erwaarden. Et wier eng Kursännerung an effektiv Handlungen néideg, fir dës toxesch Well vun Antisemitismus a Groussbritannien ze bekämpfen, sot hien.
Zu Manchester ginn d‘Ermëttlunge weider. Den Täter, dee vun der Police erschoss gouf, war e Britt syrescher Ofstamung, sot d‘Police. Hie wier virun der Dot net als terrorverdächteg bekannt gewiescht.
De Buergermeeschter vu Manchester huet déi séier Reaktioun vun der Police gelueft, déi schonn e puer Minutten nom éischten Noutruff op der Plaz waren. D‘Sécherheetspersonal konnt zesumme mat de Gleewegen den Täter aus der Synagog eraushalen.
Gëschter hate sech der Police no vill Leit fir de Yom Kippur, den héchste jiddesche Feierdag, an der Synagog zu Manchester versammelt.