arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keen transparente Budget fir den Trounwiessel

Neie Grand-Duc

|
headphones

1 min

Keen transparente Budget fir den Trounwiessel

Am Zesummenhang mam Trounwiessel d’nächst Woch wëllt déi sozialistesch Stater Gemengeconseillère Maxime Miltgen vun der Buergermeeschtesch wëssen, wéi vill déi geplangte Festivitéiten an der Stad kaschten.

headphones

1 min

Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg
Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

An enger Question Urgent un d’Lydie Polfer wonnert d‘Gemengeconseillère Maxime Miltgen sech iwwert der Stater Buergermeeschter hir Ausso an engem Wort-Artikel um Mëttwoch. 

Si hat do gesot, d‘Stater Gemeng hätt fir de Moment decidéiert, keng Zuelen iwwer d‘Käschte vun den Trounwiessel-Festivitéiten ze kommunizéieren.

D‘Maxime Miltgen fuerdert awer elo Äntwerten a freet ënner anerem, wéi ee provisoresche Montant huet d‘Stad Lëtzebuerg fir déi Evenementer budgetéiert, wéini an a wéi enger Form wäert d‘Stater Gemeng der Populatioun eng detailléiert an transparent Kontabilitéit  vun dësen Depense virleeën.