Keen Duerchbroch bei de Gespréicher iwwer en Enn vum Krich géint d'Ukrain
E Spriecher vum Kreml huet d'Gespréicher tëschent dem russesche President Wladimir Putin am den US-Spezialemissär Steve Witkoff awer konstruktiv genannt. Bei der Fro vun den ukrainesche Gebidder, déi vu Russland besat goufen, wier awer weider kee Kompromëss fonnt ginn.
Fotomontage: Trump, Selenskyj a Putin (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)
Russland wëllt déi ganz ostukrainesch Regioun Donbas. Kiew leent dat of.
Scho virum Treffen hat de Wladimir Putin nees d‘Ännerunge verworf, déi op Drock vun den europäesche Länner um amerikanesche Plang gemaach goufen. De Wladimir Putin sot, d‘Europäer wéilten de Friddensprozess blockéieren, Russland wéilt kee Krich mat Europa, mee wann Europa e Krich wéilt, da wier Russland prett.