Den Iran hätt virun allem kee Versprieche wéilte ginn, datt all hir Projete fir de Bau vun enger Atombomm géifen agestallt ginn. Den JD Vance sot, datt et eng méi schlecht Nouvelle fir den Iran wier wéi fir d’USA, datt keen Accord fonnt gi wier.
Ongwëss wéi et weider geet
Ob a wa jo wéini, d’Verhandlunge fir en dauerhafte Fridde mam Iran weidergefouert ginn, bleift onkloer.
Vum Iran war et de Message, datt keen hätt kéinten erwaarden, datt et schonn an der éischter Verhandlungsronn zu engem Accord géif kommen. D’USA hätte keng raisonnabel Demande gehat, esou déi iranesch Vertriedung.
Pakistan mécht Appell fir Wafferou ze respektéieren
Obwuel d’USA zënter Woche fuerderen, datt d’Strooss vun Hormus nees opgeet, gouf deen Aspekt net vum JD Vance virun der Press ugeschwat.
Gëschter waren zwee amerikanesch Krichsschëffer duerch den Hormuspassage gefuer. Den Donald Trump sot d’USA géifen elo “opraumen”. Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn doropshin eng Warnung geschéckt: Si géife mat aller Häert op Militärschëffer reagéieren, déi d’Mieresstrooss wëlle passéieren.
Pakistan gesäit sech als Vermëttler. De pakistaneschen Ausseminister huet de Moien den Appell u béid Säite gemaach, fir un der aktueller Wafferou festzehalen.