Et wier net nozevollzéie firwat de Projet, deen zënter 2018 leeft, elo soll gekierzt ginn, sou d‘LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Paulette Lenert: E Schock fir vill Leit
Bei schwéiere chronesche Krankheeten, Kriibskrankheeten a multipler Skleros gouf de medezinesche Cannabis bis elo no Verschreiwe vum Dokter mat Succès agesat, betount d‘Paulette Lenert.
"Et gëtt nun eemol eng ganz Rei Patienten, déi schwéier chronesch Schmäerzen hunn, déi e schlechte Gesamtzoustand hunn, an déi eebe mat normale Schmäerzmëttel der Saach net nokommen. An déi Leit, déi wäerte sécherlech relativ erschreckt si mat där doten Nouvelle."
D‘Argument vun der Regierung, datt et ze vill Abuse beim Verschreiwe vun de Bléie ginn hätt, léisst déi fréier Gesondheetsministesch net gëllen. 2022 hat een Tëscherapport wuel ob esou Problemer higewisen, mee déi hätt ee kënne léisen.
"Do encadréiert een dat méi an do war och eeben d'Pist, op där mir waren ënnert der viregter Regierung, fir zesumme mat engem Réseau de compétence douleur dat méi genau ze suivéieren, datt een eng besser Vue kritt: Firwat ginn déi Medikamenter verschriwwen? Wat si Krankheetsbiller, déi do behandelt ginn?"
Änlech Vue bei déi Gréng
Och d'Deputéiert vun déi Gréng Djuna Bernard argumentéiert an dem Sënn. Wann et e Mëssbrauchsproblem sollt ginn, da sollt een net déi ganz Mesure ofschafen, mee da misst ee besser Kontrollen en place sëtzen, mengt d'Djuna Bernard.
"Wann et e Mëssbrauchsproblem sollt ginn, da sollt een net déi ganz Mesure ofschafen, mee da muss ee besser Kontrollen en place sëtzen, fir datt manner Mëssbrauch gemaach gëtt. Et schaaft ee jo och kee Krankeschäin of, nëmme well et punktuell Abusen op Krankeschäiner ginn, mee et muss een déi Dokteren da besser begleeden a besser kontrolléieren."
D'Regierung misst elo erklären, wéi se an Zukunft wéilt verfueren a virun allem wéi eng Alternative se deene betraffene Patiente wéilt ubidden.