Den US-President Donald Trump huet op senger Plattform Truth Social annoncéiert, datt ee sech eens gi wier. Och vereenzelt Demokraten hunn dëst confirméiert.
Net an alle Punkten eens ginn
De gréisste Sträitpunkt ass d'Finanzéierung vum Ministère fir den Heemechtsschutz, dee fir déi radikal Asätz an de Stied an den USA zoustänneg ass.
D'Demokraten haten annoncéiert, de Budget ze blockéieren, sollte keng Ännerungen um Budget fir den Heemechtsschutz gemaach ginn. Och hu si gefuerdert, datt d'Beamten net méi vermummt am Asaz dierfe sinn, an datt si Body-Cams sollen droen. Dozou wier ee sech net eens ginn.
Dofir gouf proposéiert, de Budget vum Heemechtsschutz aus dem aktuelle Budgetspak ganz erauszeloossen. Fir dee Ministère soll et also keng Iwwergangsfinanzéierung ginn. An där Zäit soll weider verhandelt ginn.