arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Kee Regierungs- mee e Regimmwiessel": Kéint d'Oppositioun an Ungarn d'Wale gewannen?

Interview

|
headphones

3 min

"Kee Regierungs- mee e Regimmwiessel": Kéint d'Oppositioun an Ungarn d'Wale gewannen?

Den 12. Abrëll wäert an Ungarn en neit Parlament gewielt ginn. A verschiddenen Ëmfroen ass den aktuelle Premier Victor Orban net op éischter Plaz - seng Partei Fidesz läit bis zu zéng Prozentpunkten hanner der Tisza-Partei vum Peter Magyar.

headphones

3 min

Den ungaresche Premier Victor Orban | © picture alliance / dts-Agentur | -
Den ungaresche Premier Victor Orban (Foto: picture alliance / dts-Agentur | -)

De Walsystem an Ungarn wier awer esou gemaach, datt déi meescht Mandater an de ländleche Walkreesser vergi ginn. An do wier den Orban an den Ëmfroen nach ëmmer wäit vir, erkläert de Péter Techet, ënner anerem Jurist an Historiker vum Institut fir den Donau-Raum a Mëtteleuropa. 

Kee Regierungs- mee ee Regimm-Wiessel

Deemno kéint et sinn, datt d'Tisza-Partei d'Wale gewënnt an trotzdeem keng Majoritéit am Parlament hätt. 

Et géifen och aner, kleng Parteie ginn, déi sech opstellen, mee fir déi géif et keng Chance ginn, esou de Péter Techet. D'Zil vun der aktueller Oppositiounspartei wier nämlech kee Regierungswiessel, mee ee Regimmwiessel. An dobäi gëtt d'Partei ënnerstëtzt. 

"Diejenigen, die dieses Regime abwählen wollen, die werden für die Tisza-Partei stimmen. Auch wenn diese Partei eigentlich rechtskonservativ ist, wird die auch von linken oder von liberalen Wähler:innen Stimmen erhalten." 

Wirtschaftlech Situatioun decisiv

Et kéint sinn, datt den Orban ënnerschat huet, wéi desolat déi wirtschaftlech Situatioun am Land wier, erkläert de Péter Techet. Bis ewell hätt hie virun de Wale Cadeauen un d'Populatioun verdeelt - elo hätt hien awer kee wirtschaftleche finanzielle Spillraum méi. 

"Was er jetzt machen kann: Er schürt Angst vor dem Krieg. Es ist wirklich so, dass er behauptet, wenn die Oppostion in Ungarn gewinnt, dann bricht der Krieg aus." 

Domat a mat engem kloren Diskurs géint d'EU géif den Orban probéieren, géint d'Oppositiounspartei virzegoen. 

Blockéiert EU-Gelder hätten een Impakt

Datt Ungarn iwwerhaapt an där aktueller, schlechter wirtschaftlecher Situatioun wier, hätt un éischter Plaz mat den agefruerenen EU-Gelder ze dinn, esou den Péter Techet. D'EU hätt erkannt, datt ee just mat finanziellem Drock géint den Orban kéint ukommen. 

"Mit diesem wirtschaftlichen, finanziellen Druck - mehr als 20 Milliarden Euro sind eingefroren - spürt Orban schon die Konsequenzen. Und auch die Gesellschaft. Deswegen ist die Mehrheit der Gesellschaft bereit, gegen Orban zu stimmen." 

Den Orban géif sech elo radikaliséieren, esou de Péter Techet. 

"Er meint wortwörtlich, dass die EU gefährlicher ist als Putin." 

Hie géif awer mierken, datt d'EU an der ungarescher Gesellschaft nach ëmmer ganz beléift ass, dofir géif hien net esouwäit goe fir sech fir en Ungarn-Austrëtt aus der EU auszeschwätzen. 

Verbindungen zu Russland an zu den USA 

Den Orban géif sech och ëmmer nees als Frënd vum US-President Donald Trump probéieren duerzestellen. Dee sengersäits hätt wuel awer nach Bedenken.

"Orban behauptete, Trump hätte ihm ein finanzielles Schutzschild versprochen. Donald Trump hat das dementiert." 

Och wann den US-Ausseminister Marco Rubio schonn op Budapest gereest wier, géif den Trump selwer den Orban awer net am Walkampf ënnerstëtzen. Dobäi kéint dat dem Orban am Endeffekt hëllefen, mengt de Péter Techet. 

Op d'Ënnerstëtzung vum russesche President Wladimir Putin kéint den Orban iwwerdeems och net setzen, well dee wier net beléift an der ungarescher Gesellschaft. 

Sollt den Orban bei de Walen am Abrëll net gewannen, kéint et sinn, datt hien d'Resultat net akzeptéiert, mengt den Expert.