arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Réckgang bei Incidenten am CFL-Reseau - Bei méi grave Fäll gesäit et anescht aus

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Kee Réckgang bei Incidenten am CFL-Reseau - Bei méi grave Fäll gesäit et anescht aus

D’Zuel vun de gemellten Tëschefäll um CFL-Transport Reseau ass trotz engem Sécherheetsaktiounsplang net zréckgaangen, schreift d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Tom Weidig. Bei de schwéieren Aggressiounen gesäit et anescht aus.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Dobäi misst een awer ënnersträichen, datt d’Zuel vun de Passagéier an Tëschenzäit an d’Luucht gaangen ass. Och hätt et Changementer ginn am System vun de Meldungen. Een neien digitaliséierte System, den Tool INCIDEL, gëtt elo genotzt fir all Zort vu Virfäll systematesch ze mellen. D’Meldungsprozedur gouf iwwerdeems vereinfacht.

A wann d’Zuel vun den Tëschefäll um Reseau vun den CFL geklommen ass, wier d’Zuel vun de schwéiere kierperlechen Aggressiounen net am selwechte Mooss eropgaangen. Verschidde Kategorië géifen esouguer ee markante Réckgang weisen.

Späizen a kierperlech Ugrëff ginn zeréck

D’Zuel vun de gemellte Virfäll vun Uspaïze géint CFL-Mataarbechter vun 23 am Joer 2024 ass op 9 Fäll zejoert erofgaangen. Och d’Zuel vun de kierperlechen Ugrëff mat Blessure wier am selwechten Zäitraum vun aacht op zwee Fäll erofgaangen.

Hei fannt der déi ganz Äntwert op d'parlamentaresch Fro.