Kataresche Premier fuerdert: Netanjahu misst viru Geriicht kommen
De kataresche Premier Al Thani seet, säin israeeleschen Homolog Benjamin Netanjahu misst virun e Gericht kommen: Dat wéinst den israeeleschen Attacke virgëschter um Dënschdeg, mat deenen d‘Cheffe vun der Hamas zu Doha am Katar viséiert waren.
De kataresche Premierminister Tamim bin Hamad Al Thani. (Foto: EPA/MOHAMED HOSSAM)
Den Netanjahu hätt domat all Hoffnung fir eng Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen zerstéiert, esou de kataresche Premier.
Den Donald Trump hätt no där Attack gëschter um Mëttwoch en "hëtzegt Telefonsgespréich" mam Benjamin Netanjahu gefouert, melle Medien, déi ranghéich amerikanesch Beamten zitéieren.
Den Trump wier frustréiert, well hie vun der israeelescher Attack iwwerrascht ginn ass.