Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet hir Explikatiounen zum Budget fir den Trounwiessel gëschter am Gemengerot op Demande vun der LSAP-Conseillère Maxime Miltgen ginn. D’Oppositiounspolitikerin huet d’Argumentatioun vun der Buergermeeschtesch de Moien am 100,7-Interview awer kritiséiert.
Bei deenen héijen Depensen géif et sech ëm Steiergelder handelen. Mat deenen dierft een net sou onverantwortlech ëmgoen, wéi d’Majoritéit dat géif maachen, sou d’Maxime Miltgen.
"An déi Excuse ze soen, mir wëssen net wat et kascht, am Viraus, dat kënne mer einfach net gëlle loossen. Mir fannen einfach, datt dat eng onverantwortlech Aart a Weis ass, wéi ee mat Steiergelder ëmgeet."
Ob hir Fraktioun de “Budget rectifié” iwwert den Trounwiessel wäert matstëmmen, géif elo vun der definitiver Opschlësselung vun de Käschten ofhänken, sot nach d’Maxime Miltgen.