arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Karschnatz 2025 mat gemëschtem Bilan

Landwirtschaft

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Karschnatz 2025 mat gemëschtem Bilan

Besser wéi d'lescht Joer awer nach net rentabel, dee gemëschte Bilan zéien d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen a Vertrieder vun der Kärebranche vum Karschnatz 2025. Den Ertrag wier gutt gewiescht, ma d'Präisser géife Suerge maachen. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

Generell kéint ee soen, datt d’Wiederkonditiounen zwar gemëscht awer am Groussen a Ganze gutt gewiescht wieren an deementspriechend wier och den Ertrag an d’Qualitéit - bis op e puer Ausname – gutt gewiescht. 

Gutt Recolte, schlecht Präisser

Negativ wieren d'Präisser. Déi wieren – Zitat "miserabel schlecht", sot d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. 

 "Se si méi schlecht, well d'Produktiounskäschten e bësse manner héich sinn, wéi déi lescht Joren, ass den Defizit e bësse manner grouss. Mee trotzdeem, wann ech déi Käre kucken, déi normal Käreproduktioun Weess, ass en net käschtendeckend gewiescht."

Virun allem de Weess ass, wat de Präis ugeet, de grousse Verléierer mat engem Minus vu ronn 5 Prozent. An dobäi wier d’lescht Joer schonn eng Katastroph gewiescht, seet de Klaus Palzkill vu Versis. 

 Weiderhin onséchere Weltmarché

Nach ni hätt et esou eng grouss Recolte vu Weess ginn, wéi dëst Joer an dat géif zousätzlech Drock op d'Präisser maachen. Och den Export aus Russland an déi onsécher Lag an der Ukrain géifen sech op d’Präisser auswierken. 

Et géif een iwwerdeems keen Zeeche gesinn, datt de Maart sech an noer Zukunft géif erhuelen, esou nach de Klaus Palzkill vu VERSIS. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet an deem Zesummenhang betount, datt d'Primme fir de Landwirtschaftssecteur essentiel wieren.

"Da wieren definitiv alleguer déi Baueren, déi dat do produzéieren, definitiv am Minus. Also et ass ee Beweis, datt mer vun der EU aus déi Fläscheprimme brauchen."

D'Niche-Kulturen Huewer a Spelz konnten sech iwwerdeems méi behaapten, dat well se méi onofhängeg vum Weltmarché sinn, esou nach d’Ministesch. An och beim Mais erwaart een sech dëst Joer eng gutt Recolte.

 

play_arrow Lauschteren