Am Ganze goufe 66 Produiten aus 16 Europäesche Länner ënnersicht an a ronn 80 Prozent konnt d’Chemikalie TFA nogewise ginn.
TFA ass een Ofbauprodukt vun der Eiwegkeetschemikal PFAS, déi haaptsächlech duerch de Gebrauch vu Pestiziden an d’Waasser an doduerch also och en d’Käre geréit.
D’Wierkung vun TFA ass nach net vill ënnersicht an dowéinst och net gesetzlech reguléiert.Et géifen awer gesondheetlech Risike ginn, erkläert d’Claire Wolff vum Mouvement écologique.
“An dobäi läit awer d'Verdacht vir, datt et gesondheetsschiedlech ass. Also et huet eng Toxicitéit eeben op d'Reproduktioun. Dat ass an Déiereversich nogewise ginn, an op Drock vun Ëmweltorganisatiounen aus de leschte Méint lafen do nei Ënnersichungen, wéi geféierlech et wierklech elo fir d'Mënschen ass an eeben och fir, jo, Grenzen, déi eeben zum Beispill a Liewensmëttelkontrollen da misste respektéiert ginn, fir déi festzeleeën."
Fir den Ament géif et déi net ginn, esou d'Claire Wolff. Dobäi missten do awer virsuerglech Grenzwäerter ugewannt ginn, esou d'Fuerderung vum Mouvement écologique.
Lëtzebuerg am Mëttelfeld wat TFA ugeet
Lëtzebuerg hätt keng sou grouss Konzentratioun a Produite wéi aner Länner, an awer wier nach Loft no uewen, esou d'Claire Wolff.
“Produiten aus Lëtzebuerg, déi loungen tëschent 39 Mikrogramm pro Kilo an 120 Mikrogramm pro Kilo. Also an der Etude waren aus aneren Europäesche Länner och Produiten dran, déi nach vill méi héich loungen an et waren der awer och dran, wou keen TFA nogewise gouf.”
D’Wierkung vun TFA ass nach net genuch ënnersicht an dowéinst och gesetzlech net reguléiert, ma et géifen awer gesondheetlech Risike ginn.
“Also et huet eng Toxicitéit op d'Reproduktioun, dat ass an Déiereversich nogewise ginn.”
Dowéinst misst ee scho präventiv Mesuren huelen, wéi zum Beispill Grenzwäerter fir d’Konzentratioun a Liewensmëttel en Place setzen.
“Well de Risiko, datt d'Gesondheet awer ënnert dem TFA leit, deen ass do an doduerch misst jo eebe grad vill méi streng nach dorobber gekuckt ginn, datt bestëmmte Grenzwäerter agehale ginn. A grad gëtt awer guer net gekuckt. An dat ass de grousse Problem.”
D’Gefor géif also ignoréiert ginn, esou d’Claire Wolff. De Ministère misst esouwuel d’Landwirtschaft ënnerstëtze fir vun de PFAS-Pestizide fortzekommen, ma e misst sech awer och op Europäeschem Niveau dofir asetze fir déi Pestiziden ze reguléieren.