arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kannerbetreiung: Finanziell Entlaaschtung an eng Plaz fir all Kand bis 2030

Educatioun

|
headphones

2 min

Kannerbetreiung: Finanziell Entlaaschtung an eng Plaz fir all Kand bis 2030

Zwee Drëttel vun de Käschten, déi Elteren droen, wa se hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ginn, solle vum Staat iwwerholl ginn. Dat ass eng vun de Mesüren, déi den Educatiounsminister Claude Meisch haut um Méindeg presentéiert huet.

headphones

2 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Eng weider Mesür ass, datt de Barème vum Chèque service acceuil soll ugepasst gi fir Stéit mat engem Akommes vu bis zu 3,5 mol de Mindestloun ze entlaaschten. 

Nei an eenheetlech Facturatiounsreegele fir privat Betreiungsstrukture sollen och kommen. Deemno dierfe Crèchen a Maison Relaise keng Supplemente méi verrechnen. Et soll no de reelle Stonne gekuckt ginn, an net méi no Pauschalen ofgerechent ginn. 

Eng Plaz fir all Kand

Bis 2030 setzt d'CSV-DP-Regierung sech iwwerdeems d'Zil, eng Plaz fir all Kand ze garantéieren. Dofir gëtt déi staatlech Bäihëllef un d'Strukture vu 6 op 7 Euro pro Stonn pro Kand erhéicht. 

De Personalschlëssel soll iwwerdeems verbessert ginn, esou de Claude Meisch. Dat soll an zwou Etappe gemaach ginn. 

"Well natierlech d'Strukturen, souwuel déi konventionéiert wéi och déi net konventionéiert Crèchen, musse Personal rekrutéieren, musse sech nei opstellen, mussen och d'Méiglechkeet hunn dat Personal kënnen um Marché ze fannen."

Personalschlëssel gëtt ugepasst 

Haut wier de Personalschlëssel esou, datt ee Professionnelle muss do sinn fir sechs Kanner am Alter tëschent 0 an 2. Ab 2027 wier et ee Professionnelle fir fënnef Kanner, an ab 2029 eng Persoun fir véier Kanner. 

"Kanner tëschent zwee a véier Joer hu mer haut e Personalschlëssel ee Betreier op aacht Kanner. Den 1. Januar 2027 gi mer eent op siwe Kanner an den 1. Januar 2029 gi mer op eent pro sechs, also ee Professionelle pro sechs Kanner."

All déi geplangte Mesurë vun dëser Reform solle bis 2030 a Kraaft trieden.

De Käschtepunkt läit bis dohin da bei 300 Milliounen Euro.