arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kanner an der Klinik: Et kéinten der manner sinn

Santé

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Kanner an der Klinik: Et kéinten der manner sinn

Am neiste Rapport iwwer d'Hospitalisatioune bei Kanner stinn eng Rei Recommandatioune fir méi ambulant Agrëffer an och manner Spidolsopenthalter bei Kanner mat mentale Problemer. Awer wéi soll dat ëmgesat ginn?

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
© Cstock / Bigstock
(Foto: Cstock / Bigstock)

Wann e Kand oder e Jugendlechen hei am Land mat de Mandelen oder de Polyppen operéiert gëtt, dann ass deen Agrëff méi dacks mat enger Nuecht am Spidol verbonnen, wéi dat am Ausland de Fall ass.

Dat ass eng Erkenntnis aus dem neiste Rapport iwwer d'Spidolsopenthalter vu Kanner a Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg.

Dee Rapport gouf gëschter um Méindeg publizéiert, bezitt sech awer op d'Joren 2018 bis 2022.

Medezinescht Personal sensibiliséieren

Och hei am Land ginn zwar eng 70 Prozent vun deene genannten Operatiounen ambulant gemaach, a Frankräich läit deen Taux awer zum Beispill bei 80 Prozent, erkläert d'Dokter Françoise Berthet, d'Presidentin vum Observatoire national de santé, déi um Rapport matgeschafft huet.

De Rapport kënnt dann och zur Conclusioun, datt een déi ambulant Chirurgie bei de Kanner weider misst ausbauen. D'Dokter Berthet huet dofir zwou Proposen.

"La première, c'est de nous assurer que les parents et la famille et les proches de l'enfant sont en mesure de s'occuper d'un enfant qui vient d'être opéré, et qu 'ils peuvent s'en occuper en ayant compris tous les gestes à faire, ce qui, dans un pays multiculturel comme le Luxembourg, peut être éventuellement un facteur qui est limitant."

Déi zweet Propos wier déi, d’Dokteren an d’Anästhesisten ze sensibiliséieren.

Aliwwerunge wéinst mentale Problemer hëlt zou

Bei de Jugendleche ware Problemer mat der mentaler Gesondheet tëschent 2018 an 2022 iwwerdeems den zweetheefegste Grond fir an eng Klinik ageliwwert ze ginn, no Problemer mat de Muskelen, Seenen oder Schanken.

An Hospitalisatioune wéinst där mentaler Gesondheet daueren och dacks méi laang wéi bei engem Routineagrëff an der Chirurgie, sot d'François Berthet. Dobäi géifen et och hei Alternative ginn an och do kéint Lëtzebuerg sech um Ausland inspiréieren.

"Il y a effectivement des exemples de pratiques à l'étranger qui me montrent que l'hospitalisation classique n'est pas toujours indispensable et que certains troubles peuvent être aussi pris en charge en utilisant des modalités ambulatoires, et éventuellement aussi le soutien en ligne."

Vertrauen an nei Technologien hunn

Natierlech geet et net drëms, sech iwwer ChatGPT oder Änleches Hëllef ze sichen, mee iwwer professionell Plattformen, seet d'François Berthet, déi déi franséisch App mentalo.fr als Beispill nennt.

Déi gouf vun Experten ausgeschafft a proposéiert de Jonken op Basis vun engem Froekatalog ënner anerem e Bilan iwwer hir mental Gesondheet ze maachen.

Besserungen am nächste Rapport sinn ze erwaarden

De Lëtzebuerger Rapport iwwer d'Hospitalisatioune geet awer och op d'Situatioun bei de Puppelcher an. Do hunn an de fënnef Joer, déi de Rapport couvréiert, d'Infektioune mam RS-Virus fir vill Aliwwerunge gesuergt.

Mee d'François Berthet betount, dat dierft am nächste Rapport vill besser ausgesinn, dank der Impfung géint den RSV, déi et zënter 2023 gëtt an déi immens gefrot wier.

"L'acceptance de cette vaccination a été très élevée, avec 84 pourcents des nourrissons qui ont pu bénéficier d'une vaccination, et cette vaccination a permis de montrer une réduction de 69 pourcents des hospitalisations chez les nourrissons de 0 à 6 mois par rapport à l'année, ou enfin à la saison précédente."

play_arrow Lauschteren