Kanada ass domat dat zweet Land vum G7, dat nieft Frankräich déi Unerkennung wëllt maachen. Dat nordamerikanescht Land wier scho laang vun der Zweestaateléisung iwwerzeegt, esou de Marc Carney, deen dernieft d'Entwécklung vun der humanitärer Situatioun an der Gazasträif intolerabel genannt huet.
Israel huet de Carney fir seng Annonce iwwer d'Unerkennung direkt schaarf kritiséiert.
Wéinst der kanadescher Annonce dierft et ganz schwiereg ginn, en Handelsaccord mat Kanada ofzeschléissen. Dat ass an deem Kontext eng Reaktioun, déi vum amerikanesche President Donald Trump kënnt.