D'Fondation Cancer mécht zesumme mam Gesondheetsministère all Joer eng Etüd iwwert den Tubaks- an Nikotinskonsum zu Lëtzebuerg an do weist d'Etude vun 2023, datt bei deene Jonken tëscht 16 a 24 Joer aktuell 36 Prozent déi elektronesch Zigarett fëmmen a souguer 47 Prozent Shisha fëmmen, dat heescht grad bei där jonker Altersgrupp gëtt et eng relativ alarmant Situatioun wat den Tubak an de Nikotinkonsum ugeet.
Wegwerf E-Zigarette viséiere Jonker
Bei den elektronesche Wegwerf-Zigarette gi virun allem jonk Leit ugeschwat. Dat si Produiten déi et an immens ville Faarwen a Goûte gëtt, erkläert de Lex Schaul vun der Fondation Cancer.
"Dat geet vu Vanill bis zu Waassermeloun oder Cola. An dann ass et esou, datt ebe grad déi Jonk dovunner ugezu ginn an doduerch och quasi an eng Nikotinofhängegkeet geroden."
Vun 2025 un ass de Verkaf vun Elektronesche Wegwerf-E-Zigaretten an der Belsch verbueden, a Frankräich ass dat schonn de Fall. Fir d’Fondation Cancer ass et urgent ze handelen, insistéiert de Lex Schauls.
Vill Nikotin an de Vapen oder Puffen
D’Vapen ass eng Aart a Weis ze fëmmen, déi net onschiedlech ass. E-Zigaretten enthale keen Tubak, dat heescht, virun allem kriibserreegend Stoffer sinn do net dran, mee si enthalen dacks ganz vill Nikotin, dat provozéiert bei Jonke relativ séier eng staark Ofhängegkeet, warnt de Lex Schaul.
"Do ass et aktuell esou, datt mer net genuch Recul vun de Studien hunn. Dat heescht mir hunn nach keng Laangzäit Studien déi weise wéi schiedlech déi elektronesch Zigarette sinn an ob se tatsächlech vill manner schiedlech sinn ewéi den Tubak."