search

/ Kampf géint Ebola-Epidemie am Kongo: USA wëllen 242 Milliounen Dollar deblockéieren

Ebola-Virus

|
reading time

1 min

Kampf géint Ebola-Epidemie am Kongo: USA wëllen 242 Milliounen Dollar deblockéieren

Dem Donald Trump seng Regierung wëllt Milliounen Dollar an de Kampf géint d‘Ebola-Epdemie an Afrika investéieren. Et sollen 242 Milliounen Dollar Direkthëllef deblockéiert ginn, huet den US-amerikaneschen Ausseministère matgedeelt.

reading time

1 min

© EPA/MARIE JEANNE MUNYERENKANA
(Foto: EPA/MARIE JEANNE MUNYERENKANA)

Aktuell lafen doriwwer nach Diskussioune mam US-amerikanesche Parlament. Ënner dem Trump hunn d‘USA sech an der Lescht aus villen internationalen Hëllefsmëttel eraus gezunn. Si hate sech och aus der Weltgesondheetsorganisatioun WHO zeréckgezunn.

Am Kongo huelen d‘Ebolafäll drastesch zou. E Samschdeg hat d‘WHO en Appell lancéiert, well et ginn iwwer 3.800 confirméiert Fäll. Iwwer 1.750 Leit si scho gestuerwen.

D'Zuel un Doudesfäll ass domat scho méi héich wéi wärend der bis ewell schlëmmster Epidemie am Joer 2018.