Dosende vu senge Supporter wiere bei Protester festgeholl ginn, heescht et. Bal d‘Hallschent vun de ronn 30 Milliounen Awunner am Kamerun si Kanner a Jugendlecher.
arrow_back_ios
Noriichten
International
|Kamerun: Eelste President vun der Welt nees gewielt
Den 92 Joer ale Paul Biya hätt iwwer 53 Prozent vun de Stëmme kritt, esou de Verfassungsrot vum zentralafrikanesche Staat. D‘Walen am Kamerun gëllen als onfair. Dem Paul Biya säi stäerkste Géigner, den Issa Tchiroma, huet d‘Wale fir sech deklaréiert an ee Volleksopstand ugekënnegt.
De President vu Kamerun Paul Biya (Foto: EPA/RODRIGUE NGASSI POUASSI)