Eng Rei weider prominent Demokraten hu sech hannert d'Kamala Harris gestallt, dorënner déi fréier Cheffin vum Representantenhaus Nancy Pelosi. Fir offiziell nominéiert ze gi muss d'Kamala Harris awer de Vott bei den Demokrate gewannen. D'Ofstëmmung gëtt Online gemaach, an dat spéitstens bis de 7. August, huet d'Partei matgedeelt.
80 Milliounen Euro bannent 24 Stonnen
D'Kamala Harris hätt bannent 24 Stonne méi wéi 80 Milliounen Dollar u Spende gesammelt, sot e Member vun hirer Walcampagne. An enger éischter Walkampf-Ried huet déi demokratesch Vize-Presidentin gëschter de republikanesche Kandidat Donald Trump attackéiert an hien en "Hochstapler" genannt.
De President Joe Biden huet sech eng éischte Kéier ëffentlech geäussert no sengem Réckzuch aus der Presidentschaftscourse. Hien huet d'Demokraten opgeruff, d‘Kamala Harris ze ënnerstëtzen. Den Joe Biden, dee sech wéinst enger Covid-Infektioun isoléiert huet, soll haut zeréck an d'Wäisst Haus zu Washington reesen.