Zanter datt si Presidentschaftskandiadtin ass hat d‘Kamala Harris bis elo nach kengem konservative Medium an den USA e gréissen Interview ginn. Si hat dowéinst vun de Republikaner virgehäit kritt, sech viru kritesche Froe wëllen ze verstoppen.
Den Interview op Fox News soll Mëttwochs Owes Lokalzäit diffuséiert ginn.
Bei der Presidentewal de 5. November gëtt eng knapp Course tëscht der Kamala Harris an dem republikanesche Kandidat Donald Trump erwaart. An e puer Swing Staaten, wou d‘Wal kéint decidéiert ginn, leien déi zwee an de Sondagë praktesch gläich.