Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brandstëftung wuel d'Ursaach vum "Park fire" a Kalifornien

Bëschbrand esou grouss wéi Los Angeles

Brandstëftung wuel d'Ursaach vum "Park fire" a Kalifornien

Nom grousse Bëschbrand a Kalifornien ass eng Persoun festgeholl gi wéinst Verdacht op Brandstëftung. Dat mellen US-Medien, déi sech op ee Communiqué vun der lokaler Justiz baséieren. De Mann hätt een Auto, dee Feier gefaangen hat, en déiwe Gruef erofgedréckt an hätt domat dat gréisste Feier bis elo fir dëst Joer a Kalifornien ausgeléist.

A Kalifornie mellen d‘Pompjeeën éischt Progrèse bei de Läschaarbechte vum grousse Bëschbrand am Norde vum US-Bundesstaat. Eng 12 Prozent vum Feier wieren ënner Kontroll, esou d‘Pompjeeën. 

auto_stories

1 min

D‘Pompjeeën mellen éischt Progrèse bei de Läschaarbechte vum grousse Bëschbrand am Norde vum US-Bundesstaat. Eng 12 Prozent vum Feier wieren ënner Kontroll, esou d‘Pompjeeën. 

Dat sougenannte "Park-Feier" nërdlech vu Sacramento huet eng estiméiert 70 Haiser zerstéiert. 4.000 Pompjeeën a Fräiwëlleger kämpfen zanter e puer Deeg géint dëse Bëschbrand. Betraff war eng Fläch, déi méi grouss ass wéi d'Stad Los Angeles.