D‘Autoritéiten hunn awer keng Detailer genannt, ëm wéi ee Schëff et sech genee géif handelen.
Dateverbindung net impaktéiert
D‘Ankerkette vum Schëff wier am Waasser gewiescht, heescht et an engem Schreiwes vun der Police. Déi enquêtéiert elo ënner anerem wéinst schwéierem Materialschued a schwéierer Stéierung vum Telekommunikatiouns-Verkéier.
De beschiedegte Kabel verbënnt déi finnesch Haaptstad Helsinki mat Tallinn, der Haaptstad vun Estland.
Déi zoustänneg Ministerin an Estland sot, d‘Schied hätte keen Impakt op d‘Dateverbindungen am Land gehat.
Erënnerung un änlech Virfäll
De Virfall erënnert un änlech Evenementer viru ronn engem Joer. Deemools soll ee Schëff vun der russescher Schattenflotte hannendru gestach hunn. Dat wier dës Kéier awer éischten Erkenntnisser no net de Fall, esou de Premier an Estland.