D’CNPD ass Enn 2024 als kompetent Autoritéit designéiert ginn, fir de sougenannten europäeschen AI-Act ëmzesetzen. Dat Reegelwierk also dat den Asaz der Kënschtlecher Intelligenz (KI) an der EU soll reglementéieren.
Nei Roll ronderëm d'KI
D‘Gesetz vun November 2024 gesäit vir dat d‘CNPD de Kontaktpunkt fir all national Autoritéiten an dëser Fro ass. Si iwwerwaacht d‘Aktivitéiten, fir datt d‘Grondrechter vun de Bierger:inne respektéiert ginn, an datt déi néideg Reegelen opgestallt ginn. Eng zolidd Aufgab, betount den Alain Herrmann, zoustänneg fir KI bei der CNPD. D‘Iwwerwaachung vum Marché wier och eng nei Roll.
"Fir ze kucken, datt déi Acteuren, déi KI developpéieren an och awer implementéieren, dat och an der Reegel maachen."
Netrespektéiere vun Donnéeën dominéiert
Fir de Recht ännert sech fir d‘Dateschutzkommissioun praktesch net vill.
Bei de Reklamatiounen déi agereecht goufen dominéieren d‘Netrespektéiere vum Recht, datt Donnéeë geläscht ginn, respektiv dat ee keen Accès op seng Donnée kritt.
Bei den Notifikatioune stinn d‘Hacken an d‘illegaalt Verdeele vun Informatiounen op éischter Plaz.
Problemer vun der Videoiwwerwaachung
An Videoiwwerwaachung suergt ëmmer nach fir vill Problemer, sou d‘Presidentin vun der Dateschutzkommissioun Tine Larsen.
"Dierf den Noper seng Kamera installéieren, dierf ech op der Aarbechtsplaz iwwert mengem Guichet, wou ech schaffen, eng Kamera installéiert hunn oder wann ech an engem Restaurant sinn."
D‘CNPD schafft och ganz vill an der Preventioun an an der Informatioun. D‘lescht Joer goufe Recommandatioune fir d‘Videoiwwerwaachung, Walcampagnen an Onlineservicer verëffentlecht. Donieft gouf eng Analys realiséiert wat d‘Verstéiss géint den Dateschutz am Kader vun der Covid-Pandemie betrëfft.