Aschätzungen nom KI-Dësch: Kënschtlech Intelligenz am Déngscht vun de Mënschen
Nom sougenannte KI-Dësch am Schlass vu Senneng, hunn d'’Regierung, d'Gewerkschaften a Patronat vu "konstruktiven an nëtzleche Gespréicher" iwwer den Impakt vun der Kënschtlecher Intelligenz op d'Aarbechtswelt an op Gesellschaft geschwat.
Lauschtert hei d'Aschätzunge vum Pierre Reyland nom KI-Dësch
De Premier Luc Frieden (CSV) war virop zefridden, datt obwuel et keng klassesch Tripartite war, de KI-Dësch am Dräier-Format war. Et wier ee sech eens, datt d’Kënschtlech Intelligenz vill Chancen, mee och Risike mat sech bréngt, huet et no de Gespréicher geheescht.
Transformatioun vun de Beruffer misst begleet ginn
De Premier Luc Frieden ass do awer ganz optimistesch. Hie gleeft net un déi dacks genannten Horrorzenarien, datt duerch d'KI massiv Aarbechtsplaze wäerte verschwannen.
"Ganz vill Beruffer wäerten impaktéiert ginn, mee dat heescht net, datt déi Beruffer verschwannen. Ech mengen och, datt vill nei Emploie wäerten entstoen."
Essentiel wier awer, déi Transformatioun ze begleeden, esou nach de Premier. Dofir géif elo eng detailléiert sektoriell Analys gemaach ginn, well déi ënnerschiddlech Secteuren all anescht vun der KI wäerte betraff sinn.
Keng klassesch Tripartite
Op Basis vun der Etüd soll da weider zu dräi diskutéiert ginn an een Aktiounsplang ausgeschafft ginn. Geschwë géif och eng nächst Reunioun zu dräi iwwer d’KI organiséiert ginn, esou de Premier:
“Mir wëllen, datt d'KI vum Mënsch gesteiert gëtt, an am Déngscht vun de Mënsche steet. Och dat deele mir zu dräi an duerfir musse mir dat och gemeinsam ugoen.”
Dat géif heeschen, datt een eng “richteg Sensibilisatioun” misst maachen, dat heescht d’Informatioun un d’Leit an d’Betriber ze ginn.
“Mir mussen d'Leit begleeden. Nei Jobbe wäerten entstoen, anerer wäerte sech änneren. A fir dat nach méi genee erauszefannen, hu mir decidéiert, datt mir musse verschidde Sujeten nach méi am Detail studéieren, thematesch och sektoriell.”
De Premier Luc Frieden nom éischte KI-Dësch (Foto: Pierre Reyland)
D'Mënsche mussen um Kommando bleiwen
Och d'Gewerkschafte gesinn Opportunitéiten an der KI, mee fokusséieren sech an hirer Roll awer méi staark op d'Risiken. Den LCGB-President Patrick Dury huet et esou resuméiert:
"Wann ech dat salopp dierf soen, ass et esou, datt mir um Kommando musse bleiwen. D'Mënschen, an net d'Roboter."
Dofir misst een d'Risike vun der KI fréizäiteg erkennen a se ecartéieren, esou nach den LCGB-President.
Ee Bemol: D'UEL war net vertrueden
Och d'Patronatssäit, fir déi de Marc Lauer, ee vun de Vizepresidente vun der Chambre de Commerce, geschwat huet, wier sech de Risike bewosst.
"D'Opportunitéit ass fir d'Entreprisen natierlech déi produktiv a kompetitiv am internationale Vergläich ze bleiwen."
Et gouf och nach ee Bemol vun der OGBL-Presidentin Nora Back un d'UEL, well deen net beim KI-Dësch vertruede war.
"D'Patronatskammere waren do, awer d'UEL selwer ass net komm. An dee Statement do, deen deet eis awer Leed an dat bedauere mir."
D‘Kënschtlech Intelligenz muss vum Mënsch gesteiert ginn an am Déngscht vun de Mënsche sinn - dat war de gemeinsame Message beim sougenannte KI-Dësch gëschter am Schlass vu Senneng.