arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Just nach zwee lescht Mësstrauensvotten an da wäer de Budget vum Premier Lecornu ugeholl

Frankräich

|
headphones

2 min

Just nach zwee lescht Mësstrauensvotten an da wäer de Budget vum Premier Lecornu ugeholl

Haut um Méindeg muss de franséische Premier Sébastien Lecornu wuel déi lescht zwee Mësstrauensvotte beim Budget iwwerstoen, dann ass dësen och endgülteg duerch d’Parlament. D’Regierung hëlt schonn déi nächst Dossieren a personell Verännerungen an de Bléck.

headphones

2 min

© EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
(Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

E Freideg hat de Sébastien Lecornu eng drëtten a leschte Kéier vum ëmstriddenen Artikel 49.3 Gebrauch gemaach fir de Budget ouni Vott duerch d’Parlament ze kréien.

Ouni d'Sozialiste gëtt kee Mësstrauensvott ugeholl 

Wéi bei den zwou Kéiere virdrun hunn d’Oppositiounsparteien och dës Kéier Mësstrauensvotten agereecht. Och dës Kéier hunn dës awer wéineg Chance op Erfolleg, well d’Sozialisten dës net matdroe wäerten.

D’Regierung huet deemno ongeféier 20 Stëmme Sécherheetsofstand zu enger Demissioun.

Adaptatioun vu militärescher Planifikatioun als nächste Schrëtt 

Kee perfekte mee trotzdeem en nëtzleche Budget wier et, heescht et aus der Regierung, déi elo de Bléck no vir riichte kann. Nom Budget wëllt de Premier néi Dossieren an Ugrëff huelen, dorënner Initiative beim Logement, eng Dezentralistiounsreform oder eng Adaptatioun vun der militärescher Planifikatioun.

Och d’Aféierung vun der Stierfhëllef steet vun dëser Woch un nees op der Agenda an der Assemblée.

Ouni Majoritéit ass et awer schwéier fir d’Regierung hier Politik duerchzesetzen, zemools well de Premier jo manner vum Artikel 49.3 wëllt Gebrauch maachen ewéi seng Virgänger. Fir dës Aufgaben unzegoe wäert et am Kader vun de Gemengewalen am Mäerz och een “ajustement gouvernemental” ginn, sot de Premier Lecornu.

Personell Verännerungen néideg

Verschidde Regierungsmemberen ewéi d’Kulturministesch Rachida Dati oder d’Sportministesch Marina Ferrari kandidéiere bei de Walen a wäerten d’Regierung deemno wuel verloossen. Och weider personell Ëmstrukturéierunge sinn net auszeschléissen.