Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jugendparteie sinn ënnerschiddlecher Meenung zu Pefferspray

No Fuerderung vu JDL

Jugendparteie sinn ënnerschiddlecher Meenung zu Pefferspray

Déi jonk Gréng si géint d'Legaliséierung vu Pefferspray. Si widderspriechen der Jugendorganisatioun vun der DP, der JDL, däitlech. D'JDL hat en Dënschdeg an engem Communiqué gefuerdert Pefferspray sollt och zu Lëtzebuerg legaliséiert ginn. D'Vertrieder vun der CSJ an de jonke Sozialiste stinn esou enger Legaliséierung awer méi oppen entgéint. D'Justiz gesäit iwwerdeems kee Grond, Pefferspray ze legaliséieren.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / dpa | Armin Weigel play_arrow
(Foto: picture alliance / dpa | Armin Weigel)

Déi jonk Gréng hale guer näischt vun enger Legaliséierung vu Pefferspray. De Chris Hansen, CO-Spriecher vun deene jonke Gréngen, betount, et wier een dogéint, datt Privatleit eng Waff sollen hunn.

"A generell gesi mir dat just als eng ineffizient Symptombehandlung vum eigentleche Problem, deen een dann net bei der Wuerzel peekt. Well et soll jo am Fong esou sinn, dass jonk Fraen a Fraen net mol an déi Situatioun kommen, dass se sech misste verdeedegen."

De Virstouss vun der JDL géif d'Onsécherheetsgefiller just nach steigeren. Dat, obwuel Frae vill méi dacks géifen doheem am eegene Stot Affer vu Gewalt gi wéi op der Strooss, esou nach de Chris Hansen.

Datt een de Problem mat enger Legaliséierung net un der Wuerzel peekt, fënnt och de Maurice Schwartz, Generalsekretär vun de jonke Sozialisten.

Déi stinn allerdéngs enger Legaliséierung vu Pefferspray méi oppe géigeniwwer, wann de legale Kader och géif kloer virgesinn, datt den Asaz vu Pefferspray just géif fir Noutfäll gëllen. Dat gesinn d'JDL an d'CSJ och esou.

Pefferspray als Waff, Kategorie A agestuuft

Momentan fält de Pefferspray am Waffegesetz ënner d'Kategorie A: Ënner anerem de Besëtz oder de Kaf vun enger Waff aus der Kategorie A kéint mat 6 Méint bis zu 3 Joer Prisong bestrooft ginn an respektiv oder enger Amende vun 251 € bis zu 25.000 €. D'Konfiskéierung vun der Waff inklusiv.

De Metty Steinmetz vun der CSJ fënnt awer och, datt een duerch Selbstverdeedegungscourse Leit nach besser preventiv op heikel Situatioune kéint virbereeden. Och well de Grëff zum Pefferspray net ëmmer méiglech wier.

Vun där Iddi hält d'Melina Fellens vun de jonken Demokraten awer net ganz vill. Och wann elo méi Selbstverdeedegungscourse géifen ugebuede ginn, géifen et trotzdeem Leit ginn, déi kierperlech net an der Lag wieren, eng Kampfsportaart ze léieren. Oder déi sech nëmme beschränkt beweege kéinten, esou d'Melina Fellens.

"Et muss awer eppes ginn, woumat sech Leit ganz séier verdeedege kënnen."

Eng steigend Kriminalitéit an e steigend Onsécherheetsgefill, virun allem bei jonke Fraen owes oder nuets um Heemwee, géifen eng Legaliséierung vum Pefferspray néideg maachen, esou nach d'Melina Fellens vun de jonken Demokraten, a verschiddenen Länner an Europa wier en iwwerdeems ënner Oplagen erlaabt. 

Lauschterenplay_arrow

D'Lëtzebuerger Justiz ass dogéint, Pefferspray ze legaliséieren

D'Lëtzebuerger Justiz gesäit net genuch Virdeeler doran, Pefferspray ze legaliséieren. Dat huet de Luc Reding, Directeur Adjoint vum Justizministère, op Nofro hi matgedeelt. Pefferspray wier schonn am Waffegsetz vun 1983 als verbuede Waff agestuuft ginn, sou de Luc Reding. Och beim Iwwerschaffe vun dësem Gesetz 2022 wier iwwerpréift ginn, ob dat esou bleiwe sollt. 

"Mir hunn do awer keng iwwerzeegend Informatioune fonnt, déi hätte kënne begrënnen, dass mer di Situatioun sollten änneren. Et ginn effektiv aner Länner, wou de Pefferspray méi liberal gehandhaabt gëtt, awer et goufe keng belaaschtbar Informatiounen, dass doduerch d'Sécherheetssituatioun, an deene Länner besser gewiescht wier."

Vun den Elementer déi elo duerch déi jonk Demokraten an d’ Diskussioun bruecht gi sinn, wier och keent dobäi, wat eng Ännerung vum Waffegesetz kéint erbäi féieren, esou nach de Luc Reding.

Lauschterenplay_arrow