arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jugement sur Accord fir Ex-Steierbeamten

Geriicht

|
reading time

1 min

Jugement sur Accord fir Ex-Steierbeamten

Um Stater Geriicht ass d’lescht Woch schonn en Ex-Préposé faisant fonction vun engem Escher Steierbüro duerch e Jugement sur Accord zu 200 Stonnen Aarbecht am ëffentlechen Intressi verurteelt ginn. D’Urteel läit elo eréischt vir.

reading time

1 min

D'Cité Judiciare | © Serge Kesseler
D'Cité Judiciare (Foto: Serge Kesseler)

Dem Mann, deen am Juni 2019 an d’Pensioun versat gi war, waren ënnert anerem Verontreiung a Korruptioun reprochéiert ginn. Dat well hien tëscht Abrëll 2015 an Abrëll 2019 als Expert-Comptabel, deen hien net war, Steiererklärunge fir eng 15 Privatleit gemaach an dës dono zum Deel selwer als Beamte besteiert hat, zu Gonschte vun de Clienten, oder awer vu Steiere befreit hat.

Sou soll hien zum Beispill dräi Persoune gehollef hunn, fir ronn 168.000 Euro Steieren ze hannerzéien. Fir seng Steiererklärungen hat hien eng 9.400 Euro kritt an/oder Wäin.

Am Jugement sur Accord gouf an der Haaptsaach just nach d’Prise illégale d’intérêts zréckbehalen.