Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Accès op Dokumenter refuséiert: Journalistin leet Recours géint Inneministère an

Trotz positivem Avis

Accès op Dokumenter refuséiert: Journalistin leet Recours géint Inneministère an

“Haut ass den Dag wou mir als Journaliste kollektiv soen, et geet duer. Bis heihinner an net weider”, esou de President vun der Journalistevereenegung ALJP Misch Pautsch. Virun der Press goufen et méi Detailer zum Recours, deen d’Charlotte Wirth zesumme mat der ALFP gëschter um Dënschdeg beim Verwaltungsgeriicht géint den Inneministère gemaach huet.

auto_stories

2 min

© Serge Kesseler
Foto: Serge Kesseler

De Grond fir de Recours ass deen, datt déi fräi Journalistin den Accès zu Dokumenter vum Ministère refuséiert kritt huet. Et geet ëm hir jorelaang Recherche iwwert d’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg fir déi europäesch Grenzschutzagence Frontex. 

Keng Dokumenter trotz positivem Avis

Duerch de Blockage vum Inneministère wier d’Recherche vun der Charlotte Wirth jorelaang onméiglech gemaach ginn, hat d’ALJP schonn ee Freideg däitlech gemaach.

Dobäi geet et ëm de Refus vun der Regierung, Informatiounen iwwert d’Kooperatioun mat FRONTEX eraus ze ginn, war gëschter um Dënschdeg an engem Artikel vu REPORTER.lu ze liesen. Doran hat d’Charlotte Wirth geschriwwen, datt de Lëtzebuerger Bäitrag zur europäescher Grenzschutzagence méi grouss a méi problematesch wier, wéi bis elo bekannt.

Zweemol hätt d’Charlotte Wirth Dokumenter ugefrot, den ALJP-President Misch Pautsch.

"Zweemol gouf vun der Commission d’Accès aux Documents decidéiert, datt déi Dokumenter kommunikabel sinn, datt se solle kommunizéiert ginn, an datt de Ministère de l’intérieur d’Flicht huet, déi Dokumenter eraus ze ginn. Zweemol huet den Inneministère decidéiert, dat ze ignoréieren."

Charlotte Wirth: Journalistesch Aarbecht gëtt behënnert

Déi fräi Journalistin Charlotte Wirth schafft zu Bréissel och fir den däitsche “Stern”. Bei hirem Recours géint den Inneministère géif et ëm d’Pressefräiheet goen, huet si erkläert.

"Wann eng Institutioun einfach decidéiert, Dokumenter net eraus ze réckelen, aus Grënn déi net novollzéibar sinn (...), dann hënnert dat eis Aarbecht, an dat hënnert einfach eis Aarbecht fir Saachen (...) un d’Ëffentlechkeet ze bréngen a kritesch ze beliichten."

D’ALJP hofft op ee Prezedenzfall viru Geriicht, och am Kontext vum Iwwerschaffe vum Recht op Informatiounszougang.

Lauschteren