D’Operatioun war Mëtt Februar no enger Decisioun vun de 27 EU-Memberlänner lancéiert ginn. Hire But ass et, d'Handelsschëffer virun Attacke vun den islamisteschen Huthi-Rebellen aus dem Jemen ze schützen.
De militäreschen Asaz wier virun allem dowéinst néideg, well d’Alternative fir deen Handelswee vill méi laang daueren an deementspriechend méi kaschten.
Héijen Interêt, déi Route ze schützen
Dem EU-Chefdiplomat Josep Borrel no hu sech d’Käschte fir den Transport vun engem Container vu China an Europa verduebelt. Déi fir d’Assurancë sinn ëm 60 Prozent an d’Luucht gaangen.
Wéinst den Attacke vun den Huthie géife just nach d‘Hallschent vun de soss 70 Schëffer d’Route duerch d’Rout Mier wielen. D’Alternativ ronderëm de Kap viru Südafrika dauert 10 bis 14 Deeg méi laang.
Dowéinst ass den Interêt enorm grouss, déi Route ze schützen, wat d’Aufgab vun der Operatioun Aspides ass, sou de Josep Borrell.
“Bannent zwee Méint goufen 68 Handelsschëffer eskortéiert an 11 Attacken ofgewiert.“
Beweis, datt d'EU kapabel ass, hir Interessen ze verdeedegen
Den Asaz wier ee klore Beweis dofir, datt d’EU kapabel ass, d'Transportweeër ze schützen an d’Interête vun der EU ze verdeedegen.
Véier EU-Länner - Däitschland, Frankräich, Italien an Holland - hu Krichsschëffer zur Verfügung gestallt, déi zanter zwee Méint an der Kriseregioun Handelsschëffer duerch d’Risikozon eskortéieren. Bei den Attacken, déi ofgewiert goufen, huet et sech meeschtens ëm Drone gehandelt.
Verlängerung vun der Operatioun nach onkloer
D’Operatioun hätt ee rengen defensive Mandat, huet de Mëtteg zu Bréissel hire Chef, den Admirol Vasileios Gryparis, erkläert.
„Mir kënne soen, datt all d’Handelsschëffer mat Succès protegéiert goufen, an datt all Schëff, wat eng Demande gemaach huet, och konnt eskortéiert ginn.“
D’Surface, déi duerch d’Militäroperatioun ofgedeckt gëtt, ass duebel esou grouss ewéi déi vun de 27 Länner vun der Europäescher Unioun. D’Operatioun gouf op ee Joer limitéiert. Et wier ze fréi ze soen, ob ee se misst verlängeren, huet et de Mëtteg geheescht.
Fir méi eng grouss Regioun kënnen ofzedecken, misst d’Kapazitéit erhéicht ginn, sou den EU-Chefdiplomat. Déi Decisioun läit bei den EU-Memberstaaten.