Jores-Inflatiounstaux am Verglach zum Mount virdru liicht gefall
De Jores-Inflatiounstaux ass am September vun 2,4 op 2,7 Prozent an d‘Luucht gaangen. Wann ee mam Mount virdru vergläicht, dann ass den Inflatiounstaux awer liicht ëm 0,1 Prozent zréckgaangen. Dat deelt de Statec mat.
Déi liicht Baisse ass haaptsächlech bedéngt duerch d‘Präisser vun de Reesen, déi erofgaange sinn. Vakanze sinn am September ëm 11 Prozent méi bëlleg ginn, Fligertickete souguer ëm iwwer 17 Prozent.
Par conter awer sinn d‘Tariffer an de Crèchen an an de Maison-relaisen ëm iwwer 8 Prozent an d‘Luucht gaangen.